Japan 2016 - Méi wéi en Stage, eng Liewensberäicherung
De Freide 15 November sollt et endlech esou wäit sinn. Vir d’éischt a menger Judocarrière huet sech mir d’Geleeënheet gebueden an dat Land ze goe wou de Judo hierkënnt, Japan! No enger 12 Stonnerees, wou ech einfach kee stabille Schlof fonnt hunn, sinn mir de Samschden Moie gutt a midd zu Tokyo Narita gelant.
No 2 Deeg, déi geduecht ware vir eis der japanescher Auerzäit unzepassen an d’Land e bësse kennen ze léieren, ass et endlech mam Training ugaange. Ënnert der Leedung vum Nationaltrainer, Ralf Heiler, hu mir mat der Uni-équipe vun der Nippon Sport Science University vun Nittaidai trainéiert. Den Trainingsoflaaf war ufangs ongewinnt an et war net einfach sech de Japaner unzepassen, well si vill méi Kämpf pro Training maache mat wéineg Paus derteschent. Si ënnerscheede sech vun den Europäer duerch hiren staarke Grëffkampf, hirer Mobilitéit, mee och duerch hier exzellent Ausféierung vu verschidde Judotechniken. Den Niveau vun de Géigner war deelweis impressionnant, esou haten mir déi grouss Éier mat Weltmeeschter an Olympiastarter wei dem Ebinuma oder nach dem Abe an dem Shichinohe op engem Teppech ze stoen. Dat sinn Erënnerungen déi ee vir d’Zukunft stäerken an un déi ee spéider gären zeréck denkt, zemools wann ee gesäit wéi eis Jonge sech deelweis mat Bravour géint d’Weltelite konnte behaapten an sie aus dem Konzept bruecht hunn!
Niewent de Judotraininger, déi eemol den Dag stattfonnt hunn a ronn 2 bis 2 an eng hallef Stonn gedauert hunn, konnte mir och de Kraaftraum vum Kodokan notzen, wat als Haus vum Judo bezeechent gëtt. Judo a Musculatioun waren um Programm, mee och eng selwer erfonnte Sportaart, déi et hoffentlech eng Kéier op d’Olympiade packt, dat wat mir nennen « Subway-surfen ». Am iwwerfëllten Metro vun Tokyo geet et heibaï drëms stoen ze bleiwen, ouni sech festzehalen, an eng stabil Positioun ze fannen déi engem erméiglecht den Trajet ze meeschteren ouni aus dem Gläichgewiicht ze kommen. Eng impressionnant Steigerung huet d’Kim dohigeluecht, wat am Ufank 3mol verluer huet an doduerch en réit Ee huet missten iessen, am um Schluss ewéi eng Mauer stoung. Dës Erfahrung spigelt mäin Androck vum Stage erëm: Übung macht den Meister!
Net nëmmen um sportlechen Aspekt ass dëse Stage eng Beräicherung, mee et ass och eng mënschlech Erfahrung déi d’Rees wäert ass. Déi japanesch Traditioun an de Respekt sinn omnipräsent. Nach ni hunn ech en Vollek gesinn wat esou bescheiden an zugläich respektvoll an éiergäizeg ass. Niewent den impressionnanten Tempelen an dem wonnerschéine Mount Fuji, déi mir an eise puer Deeg Trainingsfräizait besiche konnte goen, haten mir och déi grouss Éier déi lëtzebuergesch Ambassadrice zu Tokyo ze treffen.
E klenge Schreckmoment haten mer dann awer och, an zwar an der Nuecht vum 21ten op den 22ten November, wou en Äerdbiewen vun 7.4 op der Richterskala, eis aus dem Schlof gerappt huet. Ech, wat ufangs geduecht huet d’Klarka géif wéi en streunender Hund un mengem Bett rëselen, hun dann eréischt am Hallefschlof realiséiert wat grad viru sech geet. Gottseidank, war den Epizenter vun dëser Naturgewalt net zu Tokyo selwer mee an der Géigend vum all ze bekannten Fukushima. Och wann mer doduerch wäertvoll Schlofzäit verluer hunn, sinn mer nichtdestotrotz wéi gewinnt an den Dagesoflaf gestart a konnten owes de Judoteppesch zum biewen bréngen.
En erfollegräiche Stage geet esou de Samsden 26ten November op en Enn. Ech empfeele jidderengem häerzlech dat Land ze besichen, schonn alleng wéinst dem Iessen an de flotte Jongen, déi ganz ëwesch ware vu menge blonden Hoer. Ech soen heimat jidderengem en grousse Merci deen dozou bäigedroen huet mir dëse Kandheetswonsch ze erfëllen, virop natierlech dem Sportlycée, der Judofederatioun, den Nationaltrainere Ralf Heiler an Thomas Kessler, menger Famill, mengem Judoveräin, mee och dëser flotter Equipe, déi ëmmer vir eng konvivial an haerzlëch Stëmmung gesuergt huet, geféiert vum erfuerenen Tom Schmit a senger besserer Halschent, dem Bilgee Bayanaa.
Peace out, ich bin draussen, Anettka