Numm / Virnumm / Alter: Mathis Moes, 17
Sportaart: Basketball
Lescht Klass am Sportlycée 4M2
A wéi enger Schoul bass du elo: Boise High School
Wou: Boise, Idaho
Wisou hues du dech fir dat Land entscheet? Amerika war schonn ëmmer mäin Dram. Wéi ech virun zwee Joer Vakanz an de States gemaacht hunn, do wousst ech, dass ech heihi komme wëll.
Wou wunns du? Ech wunne bei enger Hostfamill. Niewent mengen Hostelteren hunn ech 3 Hostschwësteren an 1 Hostbrudder mat deenen ech mech méi wei nëmme gutt verstinn. D’Haus läit uewen op engem Bierg, wou een eng Vue iwwer Boise Downtown huet.
Hues du dech gutt agelieft? Bass du gutt opgeholl ginn? Meng Hostfamill a meng Kollegen hunn mech immens gutt opgeholl. Wei meng Hostmamm mech vum Fluchhafe siche komm ass a mir an eis Vakanzenhaus um Lake Payette gefuer sinn, huet meng ‘nei’ Famill scho sehnsüchteg op mech gewaart. Deen éischten Dag war onvergiesslech. Ech versti mech immens gutt mat menger Hostfamill, a mäin Hostbrudder an ech maachen alles zesummen. Mir sinn net nëmme „Bridder“, mee bescht Kollegen. Déi éischt Woche waren zimlech opreegend a komplizéiert, well éischtens d’Traditiounen an d’Kultur ganz aneschters sinn an ech mech zweetens nach net un den amerikaneschen Accent gewinnt hat. Mee meng Hostfamill a meng Frënn hu mir domadder gehollef an dunn war dat och kee Problem méi.
Wéi ass de Liewensstil / d‘Mentalitéit am Verglach zu Lëtzebuerg? Amerika a Lëtzebuerg sinn zwou verschidden Welten. D’Liewe verleeft an der Schoul. Ob‘s du Sport mëchs, Musek spills oder einfach nëmme mat denge Frënn Zäit verbrénge wëlls, d’Schoul offréiert sou vill Méiglechkeeten. Op de Sportsevenementer (z.B. bei mir am Basket) ass d’Hal ëmmer voll mat Schüler, déi eis ufeieren. Wat mech och verwonnert huet, war, dass d’Leit vill méi oppe sinn an einfach op een zoukommen. De Liewensstil ass wierklech schwéier ze beschreiwen, well et einfach eenzegaarteg hei ass. Et muss een et selwer erliewen.
Wéi gëss du mam Liewensstil / mat der Mentalitéit eens? Am Ufank, wat ech och vu menger Organisatioun gesot krut, huet een en klenge Kulturschock. Mee nodeem een sech dorunner gewinnt huet, ass dat kee Problem méi.
Wat vermëss de aus Lëtzebuerg? Virun allem meng Famill a meng Kollegen.
Mat wéi engen Zieler / Erwaardunge bass du dohinner gaangen? Eent vu mengen Zieler war et, nei Frënn fir d’Liewen ze fannen. Ech hunn elo net nëmme Frënn aus Lëtzebuerg an aus de States, mee och aus Egypten, der Schwäiz, Norwegen, Italien etc. Ech hunn scho Pläng, dëse Summer fir Kollegen aus Italien an aus der Schwäiz besichen ze goen, an an engem Joer komme meng amerikanesch Frënn mat a Griicheland, wou mir da fir e puer Wochen an engem Haus bleiwen. Ee weider Ziel war, eng gutt Basketssaison ze hunn a mäin Englesch ze verbesseren.
Sinn deng Zieler / Erwaardunge bis elo erfëllt ginn? Definitiv. Ech hunn esou vill Frënn iwwert d’ganz Welt a virun allem hei an de States fonnt. An mat der Basketsequipe hunn mir de Championnat knapps verluer, mir waren also zweeten aus Idaho. A mäin Englesch huet sech staark verbessert. Komesch war et, wéi ech ënnerhalb vun zwee Méint ugefaangen hunn, op Englesch ze dreemen. Momentan denken ech och op Englesch a muss net méi wei am Ufank alles vum Däitschen/Franséischen an d’Englescht iwwersetzen.
Wat ass bis elo deng schéinsten Erfahrung? Dat ass relativ schwéier ze beäntwerten. Et ass esou vill Onvergiessleches hei geschitt. Mee Chrëschtdag war ganz sécher eent vun de schéinsten Erliefnesser, déi ech bis elo hei hat. Iwwert Chrëschtdag ware mir an eist Vakanzenhaus gefuer, wou déi ganz Famill matkomm war. Mir haten bis zu 50 cm Schnéi. Dat gouf et am Idaho säit 30 Joer net méi. Mir ware Schlitt gefuer, waren offroaden an haten eisen eegene Chrëschtbeemche gefält. Et war also ëmmer eppes ze dinn. Mir waren deels an eise Schwammboxe vum Daach an de Schnéi gesprongen an et war einfach nëmmen eng schéin Zäit.
Wat ass net esou gutt gelaf? Dat Eenzegt, wat bis elo sécher net gutt gelaf ass, war den Doud vun engem Proff, dee säit 40 Joer an der Schoul war. Ech hat hien an hie war menger Meenung no deen eenzegaartegste Proff op der Boise High School. Wéi bei him Kriibs diagnostizéiert gouf an hien am Januar dorunner gestuerwe as, huet d’ganz Schoul getrauert. Mir hunn e Match a sengem Numm gespillt an seng Famill ass geéiert ginn.
Hues du eng witzeg Anekdot, déi‘s du eis wëlls erzielen? Eng Kollegin vu menger Hostmamm war en Basketsmatch mat kucke komm an ech war amgaange, mat mengem Brudder ze schwätze, wéi meng Hostmamm mat der Kollegin bei eis komm ass. Ech hat dunn bësse mat hir geschwat. Owes huet meng Hostmamm mir dunn erzielt, dass si geduecht hat, ech wär speziell. Dat war nach ganz am Ufank an ech hat deemools nach en staarken Accent an si wousst net, dass ech en „Exchange Student“ sinn.
Wéi gesäit däin Dagesoflaf aus? Ech stinn normalerweis géint 8 Auer op a maache mech da fäerdeg fir d’Schoul. Dann fuere mir, mäi Brudder an ech, an d’Schoul. An der Mëttespaus ginn ech ëmmer mat Kollegen an Downtown, wou mir dann an e Restaurant ginn. No der Schoul (15:30) hunn mir dann 2 Stonne Basketstraining, elo Liichtathletik a mäin Brudder Tennis an da komme mir normalerweis, wa mir net nach nom Training iesse ginn, géint 18 Auer heem. Doheem ukomm gi mir an de Whirlpool a schwätze mateneen oder lauschtere Musek. Owes maache mir dann eis Hausaufgaben a kucken dono Matcher (NFL, NBA oder College Basketball)
Kanns du dir virstellen, méi laang do ze bleiwen? Ganz sécher! Ech kucke, fir an e „College“ eran ze kommen, nodeem ech zu Lëtzebuerg mäin Ofschloss gemaacht hunn. Ech fannen Amerika einfach top!
Wat géings du de Schüler soen, déi eventuell och en Auslandsjoer wëlle maachen, sech awer nach net sécher sinn? Dass een sech traue soll, et ze maachen! Déi éischt Woche sinn haart, mee et erlieft een esou vill Saachen an engem Auslandsjoer, vun deenen een net mol wousst, an déi een e Liewe laang begleede wäerten. Zudeem gëtt ee vill méi selbststänneg an et entwéckelt een sech weider. Ech hunn Frënn fir d’Liewe fonnt an et huet een ëmmer eng zweet Famill iergendwou op der Welt.