Läschte Freiden, 26. Juni, kruten déi zwou 4ième Klasse vum Här Schaus, Guide bäi de Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg, eng intressant Visite vun den Iwwerreschter an de Kasematten um Site vun eiser Schoul an ob der Rhum. Zesummen ass et ënner- an iwwerierdesch vun der Schoul bis erof an der Gronn gaangen.
No der Theorie am Geschichtscours Ufangs vum Joer, war dëst e wonnerbart praktescht Beispill, wéi no mir all Dag mat der Geschicht vun eiser Stad konfrontéiert sinn. Et sinn Deeler vun der aler Festung déi mir all Dag gesinn, ouni ze realiséiere wat et iwwerhaapt mat deene Maueren, Paarten an Dieren ob sech huet.