Den Timo Wagner, ee Schüler vun eiser 1C, well sech an Zukunft méi op seng Passioun « Schauspillerei » konzentréieren an dëst zu 100%. An eisem Interview erklärt hien wat seng Gedanken an Démarchen sinn a wéi hien sech seng Zukunft virstellt. Ganz rezent huet den Timo well déi eng oder aner Erfahrung an dem Beräich gemaach. Nieft enger Antagoniste Roll an engem Kuerzfilm huet hien, tëscht Januar an Mäerz, am Theaterstéck « Vollmondbetrachtungen » matgespillt. Opgrond vun dësen flotten Erfahrungen an Zukunftsvisiounen vum Timo, hu mer em en Interview gefrot: