WÉI BASS DU UN D’SCHAUSPILLEREI KOMM ?
Ech wollt schonn als klengt Kand an dee Beräich goen, ech hunn mech awer ni wierklech getraut well ech ma geduecht hunn et wär onméiglech an et wär nëmmen en Dram. Dunn hunn ech och mam Dëschtennis ugefaang a mech méi do drop konzentréiert an sinn och sou an de Sportlycée komm. Während där Zäit hat ech dunn och guer net d’Méiglechkeet nach eppes aneres niewebai zemaan. Wou ech aus der Federatioun ausgetrueden sinn, hunn ech mech direkt fir Couren am Conservatoire ugemellt fir Dictioun an arts dramatiques.No enger Zäit hunn ech ganz mam Sport opgehal well ech do 4-5 Mol d’Woch Cours hat an hu probéiert ma niewenbai sou kleng Jobs, wéi a Kuerzfilmer matzespillen, zesichen. Dat war awer net ganz einfach an huet seng Zäit gedauert bis ech an dee Milieu era komm sinn. Mäin éischten Kuerzfilm war « Some day » wou ech eng ganz kleng Roll als Antagonist hat. Natierlech lafen am Moment och nach aner Projet’en matt jonken leit déi och an de Filmmilieu erawëllen, esou wéi de Kuerzfilm « Lucy in Thy Sky With Diamonds », wou d’Regie vum Ken D’Antonio a vum Daniel Di Vincenzo geleet gëtt. Am Summer wäerten dann och Dréiaarbechten vir e weideren Kuerzfilm ufänken, wou mir d’Méiglechkeet kruten vum SNJ finanzéiert zeginn. Deen Film probéieren mir dann och beim Lëtzebuerger Filmpräiss unzemellen. Ob en ugeholl gëtt ass natierlech eng aner Saach.
WÉI BASS DU OP DËST THEATERSTÉCK KOMM ?
Lescht Joer an der Summervakanz war ech op ee Casting fir « Mammejong ». Do gouf ech awer net ugeholl, wat awer am Fong Chance war, well do ass de Jean-Paul Maes op mech duerkomm an huet mech gefrot op ech interesséiert wär an sengem neien Theaterstéck « Vollmondbetrachtungen » matzespillen. Hien huet mär et ze liesen ginn an ech hunn et ganz interessant fonnt an hunn dunn och direkt jo gesot well dat eng Chance ass, déi net all Dag kennt.
WÉI KRUS DU DAT MATT DER SCHOUL HIN ?
Am Ufank war ech ma net sécher op ech dat géing packen well et awer zimlech vill Prouwen waren. Mee de Regisseur an de Jean-Paul Maes si ma ganz vill entgéint komm an deem se sech immens u mäin Zäitplang ugepasst hunn. Dobäi koum dass ech och vum Sportlycée ARS Stonnen guddgeschriwwen krut, sou dass ech och mol moies konnt prouwen goen.
WAT SINN DENG PLÄNG FIR D’ZUKUNFT ?
Als éischt hoffen ech emol dass ech meng 1ière packen . Ech hu mech awer lo schonn zu London op 4 Schauspillschoulen ugemellt wou ech och lo schonn op puer « Audiciens » war. Et ass just immens schwéier fir do eranzekommen, well et sinn ëmmer +-2000 Leit déi sech umellen an et ginn der dann ëm di 20 geholl. Lo sinn ech awer och nach duerch Zoufall op eng Schoul zu New York getraff, wat awer nëmmen fir 2 Joer «acting cours » wär, dh kee Bachelor. Dofir hunn déi mech weider op Los Angeles geleet, wou ech mech och lo an der Summervakanz virstellen ginn. Am léifsten géing ech op LA goen, well een do direkt un der Quell ass fir an d'Filmbranche eranzekommen. A Film ass awer schlussendlech dat wat ech am léifsten gèng maachen.
WOU GESÄIS DU DECH AN 10 JOER ?
Wann ech Chance hunn, an op enger vun deenen Schauspillschoulen ugeholl ginn, konzentréieren ech lo mol voll a ganz op d’Schauspillerei. Wann ech zu London ugeholl ginn, ass et den Theater wou ech mech wärt déi nächst 10 Joer drop konzentréieren. Wann ech awer zu LA ugeholl ginn, wat am Fong eng reng Filmschauspillschoul ass, da géif ech an de Beräich vum Film goen, wou ech dann hoffentlech a puer Filmer däerf matspillen.
GËTT ET E PLANG B ?
:) Et gëtt kee Plang B fir an enger aner Richtung. Ech sinn der Meenung, dass wann ech mech lo net 100% op d’Schauspillerei konzentréieren, da kann ech et och net sou intensiv maachen an gëtt sou méi schwéier an enger Schoul ugeholl zeginn, an iwwerhaapt mech an deem Beräich ze developpéieren, vue dass déi Aarbecht eng ass, déi alles vun engem oofverlaangt. Ech ka mir net virstellen een aaneren Beruff auszeüben. Ob ech elo schlussendlech Succès wärt hun, oder nët, spillt u sech keng Roll, soulaang ech Spaass op der Bühn an virun der Kamera kann hunn, an d’Leit emotional beréieren kann. Dat heescht et gëtt am Moment näischt aneres wéi mäin Plang A.
Merci Timo vir dee flotten Interview a vill Gléck fir d’Zukunft !