Dësen Test gëtt d’Viruslaascht un, d. h. e weist un, ob déi Persoun ustiechend ass, dee Moment, wou se den Test gemaach huet. D’Leit wenden den Test bei sech selwer u mat engem Nuesofstréch. D’Schüler vum Cycle 1 maachen den Test doheem mat der Hëllef vun den Elteren. Vum Cycle 2 u maachen d’Schüler den Test an der Schoul. Den Enseignant beopsiichtegt den Oflaf a gëtt déi néideg Instruktiounen.