X

banner-edutesting

fr   lu   de   en  pt

D'STRATEGIE VUN DE SCHNELL-SELBSTTESTER

Mam Asaz vu Schnell-Selbsttester an de Schoule wëll den Educatiounsministère eng méi grouss Sécherheet garantéieren an e Maximum u Coursen am Presentiel bäibehalen. D’Selbsttester erlaben et, d’Evolutioun vum Virus genee ze suivéieren an direkt ze reagéieren, wa positiv Fäll opdauchen.

An der Woch vum 19. Abrëll 2021 kritt all Schüler e Kit mat engem Selbsttest, deen en doheem ka maachen.

Den Dispositif vun de Schnell-Selbsttester an der Schoul gëtt an der Woch vum 26. Abrëll lancéiert. Fir dorun deelzehuelen, mussen d’Personal, déi volljäreg Schüler an d’Eltere vu mannerjärege Schüler hiert explizitt Averständnis ofginn (kuckt d’Formulairen hei ënnendrënner).

Am Prinzip test sech all Member vun der Schoulgemeinschaft eemol d’Woch.

De Modell, deen Nuesstäbchen-Test (test du cure-nez) genannt gëtt, ass einfach: D’Kanner vum Cycle 2 u kënnen en einfach selwer benotzen.

Den Enseignant beopsiichtegt den Test a gëtt de Schüler déi néideg Instruktiounen. D’Testresultat ass schonn no 15 Minutten disponibel.

D’Kanner aus dem Cycle 1 kréien all Woch e Kit fir en Test mat heem, fir en doheem mat hiren Elteren ze maachen. Eng Participatiounsdeklaratioun muss vun den Elteren ausgefëllt ginn (kuckt hei ënnendrënner).

Wann e Schüler positiv op COVID-19 getest gëtt, gëtt e vu senge Matschüler getrennt. Wa méiglech, bleift en an engem anere Sall, ënnert der Surveillance vun engem Erwuessenen. Seng Eltere ginn direkt kontaktéiert; si mussen en esou séier ewéi méiglech siche kommen.

Parallel zu de Selbsttester kréien d’Léierpersonal an d’Schüler bis de 15. Juli 2021 weiderhi reegelméisseg Invitatioune fir de Large-Scale-Testing (LST).

Déi mobil Testekippen intervenéiere weiderhin an de Schoulen, fir Klassen am Zenario 1 ze testen, d. h. Klassen, déi ofgeschiermt gi si wéinst engem positive Fall.