X

banner-edutesting

fr   lu   de   en  pt

GEBRAUCHSANWEISUNG FIR D'SELBSTTESTER

 

Den Test, dee benotzt gëtt, ass de SARS-COV-2 ANTIGEN RAPID TEST – KIT LEPU-MEDICAL.

Dësen Test gëtt d’Viruslaascht un, d. h. e weist un, ob déi Persoun ustiechend ass, dee Moment, wou se den Test gemaach huet.

D’Leit wenden den Test bei sech selwer u mat engem Nuesofstréch.

D’Schüler vum Cycle 1 maachen den Test doheem mat der Hëllef vun den Elteren.

Vum Cycle 2 u maachen d’Schüler den Test an der Schoul. Den Enseignant beopsiichtegt den Oflaf a gëtt déi néideg Instruktiounen.

Am Selbsttest-Kit, déi d’Schüler mat heem huelen, ass:

  • 1 Tupferstäbchen ;
  • 1 Ampull;
  • 1 Testkaart;
  • 1 Gebrauchsanweisung.

D’Kitten, déi an der Schoul benotzt ginn, sinn a Këschte mat zwou Ampullen a 25 Kitte mat jeeweils engem Tupferstäbchen/enger Testkaart dran.

Den Test gëtt an dësen Etappe gemaach:

  1. D’Gebrauchsanweisung liesen, wann een d’Tester déi éischt Kéiere benotzt.
  2. Wann den Test an der Schoul gemaach gëtt: De Virnumm (an eventuell d’Initial vum Familljennumm, fir eng Verwiesslung an der Klass ze evitéieren, resp. d’Nummer, déi dem Schüler vum Klassentitulaire/Regent zougedeelt gouf) op d’Testkaart schreiwen.
  3. Den Tupferstäbche laanscht d’Nueswand (déi déi zwee Nueslächer trennt) an d’Nues aféieren, bis een d’kottengs Tupferspëtz net méi gesäit (ongeféier 2 cm déif).
  4. Den Tupferstäbche 5 Mol an all Nueslach dréien.
  5. Den Tupferstäbchen an d’Echantillonsverdéiwung vun der Testkaart schiben.
  6. D’Spëtz vun der Ampull mat enger Schéier ofschneiden a 6 Drëpse vum Verdënnungsmëttel op den Tupferstäbche maachen. Wann den Test an der Schoul gemaach gëtt, geet den Enseignant duerch d’Reien, fir d’Verdënnungsmëttel op den Tupferstäbchen ze maachen.
  7. Den Tupferstäbchen 2 Mol vu riets no lénks an ëmgedréit dréien.
  8. D’Testkaart zoumaachen. Den Enseignant seet de Schüler, wou se hir Kaart sollen hileeën (D’Schüler dierfen d’Resultater selwer net kucken).
  9. D’Verpackungen an d’Poubelle geheien.

Wärend dem Test muss d’Testkaart horizontal leien.

D’Persoun, déi d’Supervisioun vum Test mécht

  1. stellt d’Stoppauer op 15 Minutten an;
  2. consultéiert no 15 Minutten d’Testresultat (dëst ass no 15 Minutte valabel);
  3. dréit all d’Resultater vun der Klass am Reportingtool an (Zuel vun de verdeelten Tester, Zuel vun den duerchgefouerten Tester, positiv an negativ Resultater);
  4. gëtt der Klass e Feedback.

Erklärung vun den Testresultater:

  1. Positiv = zwou mof Linnen.
  2. Negativ = eng eenzeg mof Linn.
  3. Ungültig = keng mof Linn(en); eng eenzel blo Linn; eng blo an eng mof Linn.

Am Fall vun engem ongültegen Testresultat gëtt geroden, d’Gebrauchsanweisung nach eng Kéier opmierksam ze liesen an den Test mat engem anere Selbsttest-Kit frëschzemaachen.

Är Froen

Dir hutt Froen? Da kuckt weg eis Rubrik FAQ. Wann dir do keng Äntwerten op är Froen fannt, dann zéckt net a kontaktéiert eis Helpline.

FAQ