X

banner-edutesting

fr   lu   de   en  pt

FAQ - OFT GESTALLTE FROEN

 

Dat ganzt Personal aus der Schoulgemeinschaft kann um Dispositif vun de Selbsttester deelhuelen. Dofir mussen d’Membere vum Personal fir d'éischt eng Participatiounsdeklaratioun ausfëllen, mat där se sech engagéieren, e positiivt Resultat bei der Inspection sanitaire (Site : https://covidtracing.public.lu/covid ou hotline : 247-65533).

Den Test stellt keng Gefor fir d’Gesondheet duer. Dem Produzent no iwwertreffen déi agesaten Antigeen-Selbsttester d’Mindestnormen, déi d’Weltgesondheetsorganisatioun an den Europäeschen Zentrum fir Preventioun a Kontroll vu Krankheeten bei de Perfomancekrittären (Sensitivitéit a Spezifitéit) uginn.

Fir en eventuellen Afloss op d'Resultat maximal ze limitéieren, recommandéiert de Produzent, wärend den 30 Minutte virum Test keen Iessen/Gedrénks ze consomméieren. Virum Test kann een awer ouni Problem Waasser drénken.

 

  • Den éischte Selbsttest gëtt doheem gemaach mat der Hëllef vun den Elteren.
  • Déi nächst Selbsttester ginn an der Schoul gemaach, ënner der Supervisioun vum Léierpersonal (D’Schüler aus dem Cycle 1 maachen all d'Selbsttester doheem).

 

D’Schoul setzt den Zäitplang esou op, datt d’Selbsttester vun den eenzele Klassen a Cyclen iwwer déi 5 Deeg vun der Woch verdeelt sinn.

D‘Schoul decidéiert, ob d’Tester eemol d'Woch gläichzäiteg vun der ganzer Klass gemaach ginn oder ob en Deel vun de Schüler sech all Dag vun der Woch test. Dës Verdeelung, wa se méiglech ass, erlaabt et, d’Presenz an d'Evolutioun vum Virus an der Schoul ze surveilléieren.

D'Schoule bestëmmen hiren Timing selwer, jee no Contrainten. Verschidde Schoule wäerten d’Tester direkt moies maachen. Anerer wäerten se léiwer am spéiden Nomëtteg organiséieren, well se d'Ressourcen net hunn, fir op déi positiv geteste Kanner an ofgetrennte Raim opzepassen, bis datt d'Elteren se siche kommen. Anerer nach wäerten sech fir eng hybrid Léisung entscheeden.

D’Schoul informéiert d'Schüler an hir Elteren iwwer den Oflaf, deen zeréckbehale gouf: Esou kënnen d’Eltere sech am Viraus organiséieren, fir de Fall, datt hiert Kand positiv getest gëtt.

De Selbsttest ass einfach ze maachen an et besteet keng besonnesch Gefor.

Falls e Schüler sech trotzdeem géif blesséieren, gëllt déi selwecht Prozedur ewéi bei all Virfall an der Schoul.

Wann de Selbsttest fäerdeg ass, ginn d'Offäll an enger zouener Dreckstut ewechgehäit a fortgefouert. D'Kontaktfläche ginn duerno direkt desinfizéiert.

D’Selbsttest-Kitte mussen op dës Manéier stockéiert ginn :

 

  • an engem gesécherte Raum, an engem verrigelte Schaf ;
  • dréchen a virun der Sonn geschützt ;
  • bei Temperaturen tëschent 4°C an 30°C.

 

Bis zur Verwendung mussen d’Tester an de Verpackunge bleiwen.

D’Tester, déi ofgelaf oder beschiedegt sinn, däerfen op kee Fall verwent ginn.

D'Schüler vum Cycle 2 bis den Alter vu 17 Joer brauchen onbedéngt eng Averständniserklärung vun den Elteren. Se erlaabt hinnen et, formell hiren Accord fir d’Bedeelegung vun hirem Kand un de Selbsttester ze ginn.

Ausserdeem garantéiert se de Respekt vun der Dateschutzgrondveruerdnung (Règlement général sur la protection des données).

Et kann een d’Averständnis zu all Moment zeréckzéien oder ginn: Et brauch een dofir just de Klassentitulaire/Regent schrëftlech ze informéieren.

All d’Persounen aus der Schoulgemeinschaft kréien en éischte Kit. Duerno kréien nëmmen d'Leit mat enger valabeler Averständniserklärung oder mat enger Participatiounsdeklaratioun (kuckt hei ënnendrënner) e Kit fir de Selbsttest.

D’Participatiounsdeklaratioun (déclaration de participation) fir d'Schüler vum Cycle 1 erlaabt et den Elteren, formell matzedeelen, datt hiert Kand un de Selbsttester, déi doheem gemaach ginn, deelhëlt.

Ausserdeem garantéiert se de Respekt vun der Dateschutzgrondveruerdnung (Règlement général sur la protection des données).

Et kann een d’Averständnis zu all Moment zeréckzéien oder ginn: Et brauch een dofir just de Titulaire de classe/Regent schrëftlech ze informéieren.

All d’Persounen aus der Schoulgemeinschaft kréien en éischte Kit. Duerno kréien nëmmen d'Leit mat enger valabeler Averständniserklärung oder mat enger Participatiounsdeklaratioun e Kit fir de Selbsttest.

D’Participatiounsdeklaratioun (déclaration de participation) fir déi volljäreg Schüler erlaabt hinnen et, formell matzedeelen, datt se un de Selbsttester deelhuelen.

Domat engagéiert sech de Signataire och, d’Resultater vun engem positiven Test bei der Inspection sanitaire ze mellen (https://covidtracing.public.lu/covid oder 247-65533).

Ausserdeem garantéiert se de Respekt vun der Dateschutzgrondveruerdnung (Règlement général sur la protection des données).

De volljärege Schüler kann zu all Moment decidéieren, mat der Bedeelegung opzehalen oder decidéiere matzemaachen: E brauch just de Regent schrëftlech ze informéieren.

All d’Persounen aus der Schoulgemeinschaft kréien en éischte Kit. Duerno kréien nëmmen d'Leit mat enger valabeler Averständniserklärung oder mat enger Participatiounsdeklaratioun e Kit fir de Selbsttest.

D’Participatiounsdeklaratioun (déclaration de participation) fir déi volljäreg Schüler erlaabt hinnen et, formell matzedeelen, datt se un de Selbsttester deelhuelen.

Domat engagéiert sech de Signataire och, d’Resultater vun engem positiven Test bei der Inspection sanitaire ze mellen (https://covidtracing.public.lu/covid oder 247-65533).

Ausserdeem garantéiert se de Respekt vun der Dateschutzgrondveruerdnung (Règlement général sur la protection des données).

Et kann een d’Averständnis zu all Moment zeréckzéien oder ofginn: Et brauch een dofir just Direktioun schrëftlech ze informéieren.

All d’Persounen aus der Schoulgemeinschaft kréien en éischte Kit. Duerno kréien nëmmen d'Leit mat enger valabeler Averständniserklärung oder mat enger Participatiounsdeklaratioun e Kit fir de Selbsttest.

D’Reegelen, déi de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën betreffen, ginn agehalen. D’Informatioune ginn eenzeg an eleng der Inspection sanitaire matgedeelt.