Frequenz an Timing
- Den éischte Selbsttest gëtt doheem gemaach, mat der Hëllef vun den Elteren.
- Déi nächst Selbsttester ginn an der Schoul gemaach, ënner der Supervisioun vum Léierpersonal (D’Schüler aus dem Cycle 1 maachen all d’Selbsttester doheem).
D'Schoul setzt en Zäitplang op, esou datt d'Selbsttester vun den eenzele Klassen a Cyclen iwwer déi 5 Deeg vun der Woch verdeelt sinn.
Se decidéiert, ob d'Tester eemol d'Woch vun der ganzer Klass gläichzäiteg gemaach ginn oder ob all Dag vun der Woch en aneren Deel vun de Schüler sech test. Dës Verdeelung, wa se méiglech ass, erlaabt et, d'Presenz an d'Evolutioun vum Virus an der Schoul ze surveilléieren.
D’Schoule bestëmmen hiren Timing selwer, jee no Contrainten. Verschidde Schoule wäerten d’Tester direkt moies maachen. Anerer wäerten se léiwer am spéiden Nomëtteg organiséieren, well se d’Ressourcen net hunn, fir op déi positiv geteste Kanner an ofgetrennte Raim opzepassen, bis datt d'Elteren se siche kommen. Anerer nach wäerten sech fir eng hybrid Léisung entscheeden.
D’Schoul informéiert d’Schüler an hir Elteren iwwer den Oflaf, deen zeréckbehale gouf: Esou kënnen d’Eltere sech am Viraus organiséieren, fir de Fall, datt hiert Kand positiv getest gëtt.