Positiivt Resultat vun engem Erwuessenen
Wann e Member vum Personal positiv op COVID-19 getest gëtt, informéiert déi betraffe Persoun direkt hir Direktioun a geet heem. Wann et néideg ass, këmmert d’Direktioun sech ëm en Ersatz.
Gläichzäiteg informéiert den Erwuessenen och d’Inspection sanitaire: https://covidtracing.public.lu/covid oder 247-65533.
Wann den Test doheem gemaach gëtt, informéiert déi betraffe Persoun direkt d’Inspection sanitaire an och d’Schoul.
Déi betraffe Persoun kritt vun der Inspectioun sanitaire eng Ordonnance geschéckt, fir e PCR-Test ze maachen.