X

ZLS NEWS

Februar-Quiz: Matmaachen an eng Virwëlztut gewannen!

Loscht op e puer orthografesch Finessen iwwer de Mount Februar?

Häerzlech wëllkomm! 😊

Dir hutt Loscht op e Februar-Quiz mam LOD? Da sidd Der hei genee richteg: Test Äert Wësse ronderëm de Mount Februar an an engems Är orthografesch Kenntnesser an der Lëtzebuerger Sprooch! 😊

Ze gewanne gëtt et och eppes: Déi 10 "bescht" Matspiller*inne kréien e klenge Kaddo vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch heemgeschéckt – eng Virwëlztut mat zwee Bicher: "D'Lëtzebuerger Verben" an "Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch".

Wéi leeft de Quiz of?

De Quiz leeft bis de Méindeg, 22. Februar mëttes ëm 12 Auer. E besteet aus 17 Froen. Am Ganzen hutt Dir 20 Minutten Zäit.

Fir vun enger Fro bei déi nächst ze kommen, klickt Der ënne riets op de Feil (>).

Wann Der fäerdeg sidd, klickt Der no der leschter Fro op <Submit>. Dir musst do en Numm an Är Mailadress aginn (ouni Är Mailadress kënne mir Iech net kontaktéieren, wann Der gewonnen hutt).

Nom Quiz ginn Är Äntwerten automatesch verbessert; fir all richteg Äntwert kritt Dir ee Punkt. Dir kritt Äre Score direkt matgedeelt a kënnt d’Verbesserunge bei déi jeeweileg Froe kucke goen. Dofir duerf een och just eemol matspillen.

Mir kontaktéieren Iech per Mail fir Iech ze schreiwen, wann Der ënner deenen éischten 10 sidd!

Wann de Quiz ganz ofgeschloss ass an alles vum ZLS verschéckt gouf, ginn all Är Donnéeën am Kontext mam Quiz geläscht.

Wann Der vir oder nom Quiz nach Froen hutt: lod@lod.lu. A lass! 😊

 

Hei geet et bei de Februar-Quiz op bookwidgets.com. Vill Spaass!