UNESCO-Moien am Cycle 4 (Abrëll 2019)
E Freiden virun der Ouschtervakanz (5.4.19) hat d'Ekipp vum Cycle 4 e ganzen UNESCO-Moien geplangt. An den eenzelen Atelieren goufen de Schüler verschidde Sujeten ronderëm d'UNESCO méi nobruecht: d'Wäerter vun der Unesco, mir als UNESCO-Schoul (Wat ass eng Unesco-Schoul?), d'Unesco-Welterbe (Wat gëtt do alles geschützt?). Zu deenen Themen kruten d'Schüler an Atelieren Informatiounen a si hunn dat och kreativ ëmgesat. Dëst gëtt dann alles fir d'Aweiung vum neie Schoulgebai (17.5.19) ausgestallt.