*** Du fënns dës Informatiounen och als pdf am Sharepoint/Teams vun der Schoul (TIC-Dossier) ***
Wann s de déng education.lu-Mailen wëlls op déngem Smartphone oder soss engem Gerät emfänken, fënnst de hei déi néideg Erklärungen fir dat anzeriichten:
Wat déng education.lu-Mailbox ugeet, do ginn et 2 Méiglechkeeten:
- Du hues se um Restena-Server gelooss. Dee Moment hues de am Office365-Portal vun der Educatioun däinIAM@365.education.lu als Mailkont.
http://www.restena.lu/restena/fr/FR-SoftwareConfig.html
Astellungen Restena-Mail:
Installer compte: https://www.restena.lu/fr/document/210-configurer-son-acces-au-courrier-electronique
(An der pdf-Beschreiwung fir en Android-Handy (IMAP) steet bei Secherheetstyp du solls TLS wielen. Um Handy kriss de SSL/TLS, StartTls an None proposéiert. Wiel hei jeweils StartTls a gëff dann déi passend Port-Nummer un.)
FAQ/Documentation: https://www.restena.lu/fr/service/messagerie-educationlu
Webmail: http://www.restena.lu/restena/fr/FR-Webmail.html?article=access
- Du hues déng Mailbox vum Restena-Server aus an den Office365-Portal vun der Educatioun migréiere gelooss. Dee Moment hues de am Office365-Portal vun der Educatioun déng education.lu-Adress als Mailkont.
Hei déi offiziell Informatioune vu Microsoft: Configuration de la boîte mail de 365.education.lu sur vos ordinateurs et appareils mobiles:
Guide pour
Weider Infoën fënnst de an den News déi hei ënnen verlinkt sinn.
D'pdf-Datei "AjouterCompteEducation.ludeOffice365dansOutlookPC" erkläert der wéi s de am Outlook déng education.lu-Mailbox kanns bäisetzen, wann s de déi vum Restena-Server op den 365.education.lu migréiere gelooss has.