Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
  • luxembourg.lu
  • guichet.lu
  • gouvernement.lu
  • Autres sites
|
Connexion
Sportlycée
Sportlycée
  • Accueil
  • Lycée
    • Présentation
    • Offre scolaire
    • Admission
  • Contact
    • Annuaire
    • Accès
    • Comités
  • Départements
    • Éducation artistique
      • Timeline Architecture
      • Timeline Art
      • Zeitleiste Tischtennis
    • Sciences économiques
    • Sciences naturelles
  • Sport
    • Présentation de l'équipe
    • Programme sportif
    • Cellule pour l'optimisation de la performance sportive (COPS)
    • Centres de formation
    • LASEL
    • ALAD
  • Services
    • "Absence pour raison sportive" (ARS)
      • Présentation
      • Students on tour
    • Service psycho-social et d'accompagnement scolaires (SePAS)
      • Présentation
      • Orientation
      • Études surveillées
      • Jugendtreff
      • Activités
    • Bibliothèque
      • Présentation
      • Périodiques et journaux
      • Nouveautés
      • Coin des élèves
    • Cours d'appui
    • Psychologie du Sport
    • Suivi médical
    • Suivi paramédical
    • Nutrition
  • Médiathèque
  • Internat
  • Projet d'établissement
    • Présentation
    • Définition "Dual Career"
    • Objectifs
    • Groupe de pilotage
    • PÉ News
Sportlycée
X
  • Accueil
  • Lycée
    • Présentation
    • Offre scolaire
    • Admission
  • Contact
    • Annuaire
    • Accès
    • Comités
  • Départements
    • Éducation artistique
      • Timeline Architecture
      • Timeline Art
      • Zeitleiste Tischtennis
    • Sciences économiques
    • Sciences naturelles
  • Sport
    • Présentation de l'équipe
    • Programme sportif
    • Cellule pour l'optimisation de la performance sportive (COPS)
    • Centres de formation
    • LASEL
    • ALAD
  • Services
    • "Absence pour raison sportive" (ARS)
      • Présentation
      • Students on tour
    • Service psycho-social et d'accompagnement scolaires (SePAS)
      • Présentation
      • Orientation
      • Études surveillées
      • Jugendtreff
      • Activités
    • Bibliothèque
      • Présentation
      • Périodiques et journaux
      • Nouveautés
      • Coin des élèves
    • Cours d'appui
    • Psychologie du Sport
    • Suivi médical
    • Suivi paramédical
    • Nutrition
  • Médiathèque
  • Internat
  • Projet d'établissement
    • Présentation
    • Définition "Dual Career"
    • Objectifs
    • Groupe de pilotage
    • PÉ News
|
Connexion
Visite vun der 9TE bei der Firma Binsfeld

Visite vun der 9TE bei der Firma Binsfeld

Binsfeld

E Mëttwoch, den 26. Februar 2014 ware mir matt eiser Klass, der 9TE, d'Firma Binsfeld an der Staat besichen. Binsfeld gouf 1979 gegrënnt. Si schreiwen Bicher iwwer Literatur, lëtzebuerger Universitéit, kachen a villes méi.Den Här Binsfeld a seng Mataarbechter hunn eis iwwert d'Erstellen vun engem Buch erklärt.
Weiderliesen...

mercredi 12 mars 2014
Catégories: Sportlycée NewsOrientation 9e
Tags: Orientation9e
Visite de la centrale des bureaux de Police Grand-Ducale par la classe de 9e

Visite de la centrale des bureaux de Police Grand-Ducale par la classe de 9e

Police Grand-Ducale

E Mëttwoch, den 5. Februar 2014 ware mir matt eiser Klass, der 9TE op Visite op der Zentral vun der Police um Findel. Mir goufe vum Här Arendt an der Receptioun häerzlech begréisst a missten eis Carte d'identité of ginn. Am Géigesaz krute mir e Badge. Dunn si mir an ee Versammlungssall gaang wou den Här Arendt eis d'Funktionnement vun der Police matt Hëllef vun enger Powerpoint Show erklärt huet.
D'Gendarmerie an d'Police hun am Joër 2000 fusionnéiert an ët gouf d'Police Grand-Ducale gegrënnt. Et gi 6 Haaptsëtzer (centres d'intervention) déi 24/7 Déngscht hun: Lëtzebuerg, Dikrech, Gréivenmaacher, Esch, Mamer a Capellen. Den Här Arendt huet eis och nach d'Policeschoul virgestallt an erklärt wat een alles muss maachen fir do kënnen ausgebild zeginn. Et gouf vill ze kucken an et war am grousse ganzen eng interessant Visite. www.police.public.lu
(Article par Maurice Rudault, Joao Machado et Leonel Domingos, élèves de la classe 9TE)

mercredi 5 février 2014
Catégories: Sportlycée NewsOrientation 9e
Tags: Orientation9e
Visite de l'entreprise Minusines S.A. par la classe de 8e

Visite de l'entreprise Minusines S.A. par la classe de 8e

Minusines S.A.

Mir waren Doneschdes, den 23. Januar mat der 8TE op Gaasperech d'Firma Minusines besichtegen. Des Firma ass virun allem op Kabelen an elektresch Material spezialiséiert. D'Firma Minusines gëtt et scho säit 1925. Si bedéngen de Marché vun Lëtzebuerg, ënnert villen aneren och d'Sportshal um INS. Bei der Firma Minusines schaffe 76 Leit, dovun 26 am Lager an die aner 50 an den Büroen. Eis Klass gouf léif empfaang vum Här Rech a mir kruten op all eis Froen eng Äntwert. www.minusines.lu
(Article par Dean Beissac, élève de la classe 8TE)

mardi 4 février 2014
Catégories: Sportlycée NewsOrientation 8e
Tags: Orientation8e
Visite de la banque BGL BNP Paribas par la classe de 9e

Visite de la banque BGL BNP Paribas par la classe de 9e

BGL BNP Paribas

En Donneschden, den 16. Januar 2014 ware mir matt eiser Klass, der 9TE, d'BGL BNP Paribas um Kierchbierg besichen. D'BGL BNP Paribas ass dei Bank mat de meeschten Ugestellte virun der Spuerkees.
Si hunn nach aner Sëtzer zu Parais, Dubai, New York, Tokyo an Hong Kong. Mir si ganz häerzlech op der Bank empfaange gin a sin dunn an di verschidden Säll kucke gaangen. Mir waren zum Beispill an der Salle de Marché, an der Agence an am Tresor, wat fir eis nach ëmmer deen interessanteste Sall war. Do goufen et verschidde Gréisten vun Tresoren déi och ënnerschiddlech kaschten.
Et war impressionnant ze gesinn wei grouss sou eng Bank ass an et war eng ganz interessant Visite. www.bgl.lu
(Artikel vum Ken Conter, Philippe Leclerc an Dennis Besch)

lundi 3 février 2014
Catégories: Sportlycée NewsOrientation 9e
Tags: Orientation9e
Visite de l'entreprise Arnold Kontz par la classe de 9e

Visite de l'entreprise Arnold Kontz par la classe de 9e

Arnold Kontz

En Mëttwoch, den 13. November waren d'Schüler vun der 9TE, am Kader vun der Optioun Atelier, den Garage Kontz op der Diddenhuewener Strooss besichtegen. Den Garage Kontz as een BMW Händler deen zum Kontz Group gehéiert. Zum Kontz Group gehéieren net nëmmen BMW mee och M BMW an I BMW, BMW Motorieder sou wei Mini, Land Rover an Aston Martin.
Den Här Pascal Henry, Responsable beim Service Après Vente huet eis en flotten Tour duerch di eenzel Departementer gebueden. Ugefangen bei der Vente, dann dem Departement Mecanique, Electrique, den Magasin, den Departement Motorieder an zum Schluss waren mir bei d'Carrosserie. Eis Schüler hunn iwwerall kenen een gudden Iwwerbléck kréien an konnten och iwwerall Froen stellen.
Si kruten vill erklärt an et gouf och mam alen Virurteel opgeraumt dass een Mecanicien een mat knaschtegen Fanger ass. Spannent war ze gesinn wie d'Aarbechter am Departement Electrique sech op Sich no den Feeler maachen. Et huet eppes vun Detektivaarbecht an berout vill op den analyteschen Fäegkeeten vun den Mataarbechter.
Als kreinenden Ofschloss konnten d'Schüler dunn bei Aston Martin goen an sech do een Iwwerbléck verschafen. Am léifsten wieren si jo all mat engem Aston Martin heemgefuer mee do goufen si leider enttäuscht.
Och beim Garage Kontz kruten si ugebueden, dass si, falls si un engem vun deenen Beruffer Interessi hätten, sech ganz gären bei hinnen mellen kenen fir eng Ausbildung ze maachen. www.arnoldkontz-group.com

lundi 9 décembre 2013
Catégories: Sportlycée NewsOrientation 9e
Tags: Orientation9e
Visite de l'entreprise MSE par la classe de 8e

Visite de l'entreprise MSE par la classe de 8e

MSE

En Dënsten, den 12. November waren d'Schüler vun der 8TE, am Kader vun der Optioun Atelier, d'Firma MSE besichtegen. MSE as eng Schräinerei zu Zolwer déi virun allem Fënsteren, Dieren, Kichen, Parquet an Abauschief realiséieren. D'Geschicht vun der Schräinerei MSE huet 1962 matt engem klengen Atelier zu Alzeng ugefaang. 2012 sinn si eréischt an hir 900m2 grouss Hal op Zolwer geplënnert.
Den Här Pütz huet eis als éischt duerch hir Ausstellungsraim gefouert, wou hien de Schüler gewisen huet wéi de Service bei hinne funktionéiert an wat et alles un Dieren, Fënsteren a Parquet gëtt. Dono ass et am Atelier weidergaang wou den Här Rodius eise Schüler dunn d'Funktionnement vun deenen eenzelne Maschinnen erklärt a virgewisen huet.
Wéi den Hoffmann's a Prefalux, huet och d'Schräinerei MSE Problemer Stagiairen ze fannen di sech vir d'Arbecht am Holz interesséieren. www.mse.lu

lundi 9 décembre 2013
Catégories: Sportlycée NewsOrientation 8e
Tags: Orientation8e
Visite de l'entreprise Prefalux par la classe de 8e

Visite de l'entreprise Prefalux par la classe de 8e

Prefalux S.A.

En Dënsten, de 5. November waren d'Schüler vun der 8TE, am Kader vun der Optioun Atelier, op Jonglënster d'Firma Prefalux besichen.
Prefalux as eng Baufirma déi sech virun allem op Holzkonstruktiounen an Diercher spezialiséiert huet. Zu Jonglënster schaffen sie an 3 verschiddenen Atelieren: eng Schräinerei, eng Schlässerei, an een déngt zur Hirstellung vun den Charpenten. Eis Schüler kruten een interessanten Tour duerch dës 3 Atelieren an awer och hir Bureauen, wou d'Informatiker an Bauzeechner Projeten ausschaffen, gebueden.
Fir eis Schüler war et interessant deen ganzen Oflaf erklärt ze kréien, vun der Planung bis bei d'Hierstellen vun den eenzelnen Stecker di verbaut ginn. Do doniewent war et fir eis all och interessant gewuer ze ginn, dass an dëser Firma 10 verschidde Beruffsgruppen zesummeschaffen.
Besonnesch begeeschtert waren sie awer wéi se gesinn hunn dass d'Firma Prefalux och den Ausbau vun eiser Schoulkantin realiséiert huet. www.prefalux.lu

lundi 9 décembre 2013
Catégories: Sportlycée NewsOrientation 8e
Tags: Orientation8e
Visite de l'entreprise John Zink par la classe de 9e

Visite de l'entreprise John Zink par la classe de 9e

John Zink Hamworthy Combustion

D'Schüler vun der 9TE waren Doneschdes den 10. Oktober, am Kader vun der Optioun Atelier, d'Firma John Zink Hamworthy Combustion besichtegen. Dës Firma ass virun allem op Brenner fir Raffinerien spezialiséiert, produzéiert awer och sos fir vill aner Beräicher vun der Petrochimie an gehéiert zu Koch Industries.
John Zink Hamworthy Combustion, déi et zënter 1929 gëtt huet säit 1980 ee Sëtz zu Diddeleng. Vun hei aus bedéngen si den Marché vun Europa, Afrika, Asien an den mëttleren Orient. Zu Diddeleng hunn si hiren greisten Site an Europa wou si 255 Leit beschäftegen. Dovun sinn 100 spezialiséiert Aarbechter déi an hiren Hallen hir Produkter vun Grond op bauen. Zu dem Site gehéiert och eng Testanlag wou si mosen op hir Produkter och den Ufuerderungen vun den Clients entspriechen.
Eis Schüler goufen léif empfaang, kruten d'Firma matt Hëllef vun enger Powerpoint Presentatioun virgestallt, an hunn dono en interessanten Tour duerch d'Produktiounshal gemaach wou si novollzéien konnten wei aus engem Blech een Brenner oder eng Fakel entsteet. Zum Schluss konnten si sech nach den John Zink Testzenter ukucken.
Ee groussen Merci geet un den Här Giezek, den Här Weber an den Här Sarré, dei eis des Firma gewisen hunn. www.johnzink.com

lundi 9 décembre 2013
Catégories: Sportlycée NewsOrientation 9e
Tags: Orientation9e
RSS
12345

Nous trouver

  •   Adresse:
    Sportlycée Luxembourg
    66, rue de Trèves
    L-2630 Luxembourg

Nous contacter

  •   E-mail: secretariat@sportlycee.lu
  •   Tél.: (+352) 26 75 05 1
  •   Fax: (+352) 26 75 05 90
Powered by Centre de gestion informatique de l'éducation | A propos du site | Conditions d'utilisation