E Mëttwoch, den 26. Februar 2014 ware mir matt eiser Klass, der 9TE, d'Firma Binsfeld an der Staat besichen. Binsfeld gouf 1979 gegrënnt. Si schreiwen Bicher iwwer Literatur, lëtzebuerger Universitéit, kachen a villes méi. Den Här Binsfeld a seng Mataarbechter hunn eis iwwert d'Erstellen vun engem Buch erklärt. D'Art Directoren an d'Designer kréien en Text vun engem Auteur an analyséieren deen. Duerno kucken weider Mataarbechter sech d'Konzept vun deem Projet un an decidéieren op d'Buch en "Hard-" oder "Softcover" kritt. E grousse Succès vun fir d'Firma Binsfeld war d'Buch "The Hoogen Stoogen Tulip" wat hinnen e puer dausend Euro abruecht huet.Den Här Binsfeld huet eis gesot dass si un engem Projet schaffen fir an Zukunft och elektronesch Bicher fir Kindle oder Ipad erauszebréngen.Des Visite war fir eis Klass ganz interessant an mir soen Merci dass mir konnten bei d'Firma Binsfeld op Besuch goen. www.binsfeld.lu
(Artikel vum Yann Zaccaria, Ajdin Bjelic, Daniel Roch a Colin Heiderscheid)