Mir, d’9TE, waren den 23. Mee 2014 de Centre Hôspitalier de Luxembourg besichen. Verschidden Infirmièren an Dokteren hunn eis déi ganz Clinique gewisen. Mir si gewuer ginn dass den CHL net nëmmen eng Clinique huet, mee dass d’Clinique d’Eich, d’Kannerklinik an d’Maternité och nach zu hinne gehéieren.
Duerno goufen mir a Gruppen opgedeelt, déi sech déi verschidden Beräicher ukucken gaang sinn. An der Grupp vum « Kiné » krute mir zum Beispill de Scanner an den IRM gewisen.
Mir soen hinnen villmools merci fir dee léiwen Empfang an déi flott Visite. (Text vum Tamara, Marlène a Yann)