Jiddereen vun eis kennt se, d'sozial Netzwierker wéi Facebook, Twitter oder Instagram. Si sinn Internetrisen, déi mat hirem Milliardeschwéieren Börsenwert net méi aus eiser Gesellschaft ewech ze denken sinn. Mee bei aller Verbonnenheet, déi dës Netzwierker bréngen, si all hunn schwéier Defiziter wat Dateschutz an Sécherheet am Internet ugeet. Et brauch een nëmmen d'AGB, d'Allgemeng Geschäftsbedingungen vun engem vun deenen Risen duerchzeliesen, an duerch den Juristen-Englesch gëtt direkt kloer - den Benotzer trëtt all seng Rechter un sengem intellektuellen Besëtz un dat jeeweilegt sozialt Netzwierk of. Dëst heescht net nëmmen, dass Facebook, Twitter & Co. eis Daten duerfen agesinn, mee och dass si se duerfen analyséieren, benotzen an verkafen. Dëst ass en gravéierenden Aschnëtt an eis individuell Fräiheet, déi och am Internet gëllen muss.
Aus genau deem Grond, hunn zwee jonk Lëtzebuerger, den Eric Schanet, Physikstudent zu München, an den Yannick Erpelding, Schüler aus dem Sportlycée, en neit sozialt Netzwierk, mat dem einfachen Numm 'd'Netzwierk' op d'Been gestallt. Et ass en Netzwierk just fir Lëtzebuerg, wech vun deenen groussen weltverbannenden Konzerner, hin zu enger méi lokaler Idee vun engem Reseau. Dobäi hunn déi zwee op een Aspekt besonneschen Wäert geluecht: Dateschutz. Sie huet et selwer enorm gestéiert, dass Facebook d'Daten vun sengen Benotzer weiderverkaaft an benotzt huet, sou dass si sech decidéiert hunn, am Netzwierk op jeglech Datenveraarbechtung an deem Sënn ze verzichten. Dëst heescht konkret fir den Benotzer, dass hien all seng Rechter un sengem Inhalt behält, an dass seng Daten zu kengem aneren Zweck benotzt ginn, wéi dofir wou se eigentlech do sinn: als Informatiounen fir Frënn a Kollegen. Desweideren heescht dat och, dass et am Netzwierk keng empfohlen Beiträg oder Reklamm ginn, well dëst, sou den Eric an de Yannick, geet komplett géint hier Philosophie vun engem sozialen Netzwierk, wou et primär em de Kontakt mat den Frënn, an net em Geldmaacherei geet. Sie bedreiwen d'Netzwierk dofir och komplett profitfrei, an sinn frou fir all Hëllef an Ureegungen déi si kréien.
Den Eric an de Yannick waren sech bewosst, dass een d'Rad net nei muss erfannen - dofir änelt d'Netzwierk inhaltlech eng sozialen Reseau wéi Instagram, et kann een Fotoen eroplueden, beaarbechten, liken an kommentéieren, an sengen Frënn ganz einfach followen, fir hier flott Momenter ëmmer als éischt ze gesinn. Mee dat wichtegst ass, d'Daten vum Benotzer sinn an bleiwen dat wat se sollen: sécher an am Besëtz vum Benotzer.
Méi Informatiounen zu hirem Projet ginn et och op hirer Websäit: www.netzwierk.lu
An d'Netzwierk selwer kann een sech momentan als App fir iPhone an Android (als Beta Test) eroflueden.