Déi läscht Woch war 4C2 am Module Mental Training an hat am Kader vun dësem d’Méiglechkeet de Basketprofi Thomas Grün ze interviewen. Den Thomas ass Profi zu Tréier (2. héchster Liga an Däitschland) an huet do virdrun zu Nancy gespillt. Den Thomas spillt och säit 6 Joer an der Hären-Nationalequipe, déi an de leschte Joer EM-Qualifikatiounsmatcher géint Groussbritannien, Kosovo, Zypern a Slowakei gewanne konnt, an ass hei ee vun de Leaderen an der Equipe.
Den Thomas war sëlwer Schüler am Sportlycée (6e bis 4e) éier hien dunn fir 3 Joer op Urspring an eng vun de beschte Basket-Akademien an Däitschland gewiesselt ass, wou hien och säin Abitur gemaach huet. Hei huet hien deelweis 2-3mol den Dag trainéiert an trotzdeem d’Schoul net vernoléissegt. Op d’Fro hin wéi hien dat fäerdeg bruecht hätt, sot den Thomas, dass et zwar simpel klengt, mee ganz vill Schüler dat net gemaach hunn: an der Schoul wärend de Coursen oppassen hëlleft extrem vill a spuert engem an der Prüfungsvirbereedung vill Zäit, déi een dann an säi Sport investéiere kann. Momentan studéiert den Thomas via Fernstudium an dat hëlleft him och am Sport, well en nieft dem Basket eppes huet wat him d’Gefill gëtt seng Zäit sënnvoll ze notzen an hien duerch de Studium besser ofschalte kann, wann et am Basket mol eng Kéier net esou gutt leeft.
Als Highlights vu senger Karriär nennt den Thomas nieft de sportlechen Erfolleger (z.B. U19 Champion an Däitschland, Sëlwermedaile JPEE) virun allem och de Fait, dass hien säin Dram Basketprofi ze ginn, erreecht huet. En zousätzleche Bonus ass et, dass hien a groussen Hale mat flotter Ambiance virun deelweis méi wéi 5000 Leit ka spillen. Natierlech muss een och op verschidde Saache verzichten, wëll een als Profi all Dag Training oder Matcher huet an oft ënnerwee ass. Fir den Thomas sinn dat awer keng Problemer, wann een eng Passioun vir säi Sport huet an een dësen net nëmmen als Beruff gesäit.
Am mentale Beräich huet den Thomas virun allem déi éischt Joer vu senger Profikarriär vill mat engem Mental Coach geschafft, well hien deemools en strengen Trainer hat, deen him wéineg Spillzäit ginn huet an doduerch säi Selbstvertraue gelidden huet. Op d’Fro hin wéi him dës Aarbecht gehollef huet, sot den Thomas, dass et schonn immens hëllefräich wier mat enger neutraler Persoun iwwert Matcher oder aner Situatioun ze schwätze fir déi eege Gedanken an Emotiounen ze sënneren an domat och besser ze verstoen. Op Basis heivunner kënnen da mental Techniken entwéckelt ginn, déi a spezifesche Situatioune virum/am Match hëllefe fir déi eegen optimal Leeschtung ze erbréngen. Sou huet den Thomas zum Beispill geléiert besser mat Kritik vum Trainer ëmzegoen an huet eng perséinlech Routine entwéckelt, mat deier hien sech op Matcher preparéiert an déi et him erlaabt sech zu 100% op dësen ze fokusséieren. Mat Drock oder “negativen” Emotioune virum Match geet den Thomas doduerch och relativ souverän ëm: hie léisst dës Saachen zou a kämpft guer net dogéint un, mee interpretéiert se fir sech als eppes Positives an en Challenge, well dat fir hien och de Reiz um Sport ausmëscht.
Zum Schluss huet den Thomas de Schüler*innen nach zwee wichteg Messagë mat op de Wee ginn: 1. Et soll een ëmmer un sech an déi eege Fäegkeete gleewen, egal wat soss iergendeen seet. Dat ass virun allem als jonke Spiller immens wichteg, wëll vill Spiller*innen hei Tendenz hunn sech ze schnell “ënnerbotteren” ze loossen. 2. Et muss ee wëssen, ob een en Dram oder en Ziel huet. Wann et just en Dram ass ouni Plang, da bléift et warscheinlech en Dram am Kapp, deen een net ëmsetzt. Wann et en Ziel ass, dann huet een en Plang an et ass ee bereet all Dag haart dofir ze schaffen. Nëmmen eppes ze wëlle geet net duer...et muss een och eppes dofir investéieren!
Mir soen dem Thomas villmools Merci fir seng Zäit an all déi wäertvoll Erfarungen an Tipps, déi hie mat de Schüler*inne gedeelt huet.