D’Woch virun der Vakanz war 4C1 am Module “Mental Training” an haten am Kader vun dësem d’Chance d’Karateka a fréier Sportlycée-Schülerin Jenny Warling iwwert Teams ze interviewen. D’Schüler*innen hunn sech am Virfeld gemeinsam mam hirem Sportsproff, Yves Grandjean, an dem Sportpsycholog vum Sportlycée, Frank Muller verschidde Froe fir d’Jenny iwwerluecht. D’Jenny ass eng vun den erfollegräichste Sportlerinnen aus Lëtzebuerg a mëscht säi Sport op absoluttem Weltniveau. Sou konnt hat op Europameeschterschafte schonn eng Bronze-, Sëlwer- an 2019 souguer eng Goldmedail gewannen. Donieft huet hat awer och ëmmer studéiert a schafft elo säit enger gewësser Zäit als Qualitéitsingenieurin bei engem grousse Chimie-Konzern. Hat ass also fir déi jonk Schüler*innen en perfekt Virbild wéi een Studium/Beruff an Sport erfollegräich ënnert een Hutt kritt.
D’Jenny huet am Interview erzielt, dass de Studium/Beruff him och am Sport hëlleft: grad a méi schwéiere Phasen (z.B. enttäuschend Resultater oder Verletzungen), hëlleft et him, dass et en Ausgläich zum Sport huet, wou et einfach op aner Gedanke kënnt an och aner Aufgaben huet, déi hat erfëllen. Genausou ass de Karate awer och en Ausgläich zum Beruff, deen him immens vill Spaass mécht an duerch deen hat wäertvoll Skills wéi Disziplin an Éiergäiz entwéckelt huet, déi natierlech och am Studium a Beruff hëllefräich sinn.
Op d’Fro hin wéi mental säi Sport ass, huet d’Jenny geäntwert, dass dat Mentaalt am Karate extrem wichteg ass an d’Kämpf zu 80% am Kapp entscheet ginn. D’Jenny huet ganz interessant Abléck an seng Routinne viru Competitioune ginn: Viru Kämpf setzt hat sech d’Ziel einfach wëllen säi Bäscht ze ginn a fokusséiert sech net op d’Endresultat, fir esou déi néideg Rou ze behalen. Kuerz virum Kampf spréngt hat um Tatami eng Kéier an d’Luucht an dat ass fir hat d’kierperlech a mental Signal, dass de Kampf elo ufänkt an hat voll am Fokus ass. Dem Jenny ass et ausserdeem ganz wichteg, dass hat fir seng Competitiounen en fräie Kapp huet an sech voll op seng Kämpf ka konzentréieren. Fir bestëmmten Themen ze beschwätzen a gutt mat Stéierungen, déi vu bausse kommen, kënnen ëmzegoe schafft hat säit senger Uniszäit an Däitschland mat enger Mentaltrainerin zesummen. D’Jenny an de Frank hunn de Schüler*innen och erkläert, dass et beim Mentaltraining ëmmer d’Athlet*inne sinn, déi d’Entscheedungen treffe wat fir eng mental Techniken si wëllen ausprobéieren a bäibehalen. Dat ass ganz individuell an et ass wichteg fir d’Schüler*innen ze wëssen, dass een beim Mentaltraining ni eppes opgezwonge kritt, dat een net wëll oder vun dem een sëlwer net iwwerzeegt ass.
Op säin perséinlechen Ëmgang mat Corona ugeschwat, huet d’Jenny erzielt, dass hat probéiert huet déi Situatioun ze akzeptéieren an déi “Paus” als eppes Guddes ze gesinn, wëll et och eng Chance ass einfach mol ofzeschalten a méiglech Verletzunge richteg ausheelen ze loossen. Hat ass ausserdeem vill lafe gaangen an huet probéiert sech ëmmer erëm kleng Zieler ze setze mat deenen hat sech sëlwer gechallengt huet. Sou war dann och een vu sengen Take Home Messagen un d’Schüler*innen, dass et insgesamt immens wichteg ass sech Zieler ze setzen an alles ze gi fir se och ze erreechen, grad wann et eng Kéier net sou gutt leeft. Hei hëlleft et extrem vill, sech kleng Zwëschenzieler um Wee fir bei déi grouss Zieler ze setzen, wëll een da vill méi oft Erfollegsmomenter huet. Den 2. Take Home Message vum Jenny war, dass et immens wichteg ass en gutt Ëmfeld ze hunn mat Leit op déi een sech verloosse kann. Natierlech kann een sech säin Ëmfeld net ëmmer eraussichen, mee et ass wichteg, dass een awer puer Bezuchspersounen huet, deenen een zu 100% vertraut an och iwwert Saache schwätze kann; egal op dat Frënn, Famill oder Persounen aus dem sportlechen a schoulesche Kontext sinn.
Mir soen dem Jenny villmools Merci fir seng Zäit an déi vill interessant an hëllefräich Ablécker. An entschëllegen eis nach eng Kéier, dass mir herno och nach en Deel vun senger Mëttegpaus “geklaut” hunn.