Déi 4. Woch vum Modul “Mental Training” war den Ex-Handballprofi Dan Ley den (virtuellen) Invité an d’Schüler*inne vun den 3èmes B, D a G hate gemeinsam mam Frank Muller, dem Sportpsycholog vum SLL, d’Méiglechkeet den Dan ze interviewen. Genau wéi bei den Interviewe mat de Sportler*innen déi Woche virdrun, war Ziel bei dësem Interview och, dass Schüler*innen duerch den Dan Ablécker an esou eng Profiskarriär kréien a vu sengen Erfarunge profitéiere kënnen. Grad hei am Land ass et wichteg, dass jonk Talenter d’Iwwerzeegung opbauen, dass och Sportler*innen aus dem klenge Lëtzebuerg eng erfollegräich an international Leeschtungssportkarriär kënnen hunn. Wichteg ass ebe just, dass een dat och wierklech wëll an am Sënn vun enger Dual Career de schouleschen Aspekt net vernoléissegt.
Den Dan huet tëschent 2003 an 2010 professionellen Handball an der 2. an 1. Liga a Frankräich gespillt (Nancy an Dijon), wat och schonn zu dem Zäitpunkt eng vun deene stäerksten Handballligaen an Europa war. Zudeem huet hien a 16 Joer (2000-2016) bal 100 Matcher mat der Nationalequipe bestridden an ënnert anerem géint déi franséisch Nationalequipe em dem Nikola Karabatic, ee vun de beschten Handballspiller vun allen Zäiten, gespillt. Nieft dësen Erfarungen huet den Dan am Interview awer ënnerstrach, dass och d’Kollegialitéit mat deenen anere Spiller aus de verschidden Equippen zu den Highlights vu senger laanger Karriär gehéiert. Zu deene méi negative Momenter a senger Karriär hunn virun allem Verletzunge gezielt. Sou war den Dan laang mat schwéiere Réckeproblemer geplot an huet seng Profi-Karriär doduerch och misse méi fréi wéi gewënscht ophalen. Op d’Fro vun de Schüler wéi ee grad mental mat sou Verletzunge kann ëmgoen, sot den Dan: “Verletzunge gehéieren zum Profi-Sport dozou. Mir huet et gehollef d’Verletzungen ze akzeptéieren a mir nees schnell nei Zieler ze setzen. Mäin Motto war «Comeback stronger» an ech hunn da probéiert un anere Saachen ze schaffen!”. Grad an esou schwéiere Momenter hëlleft et dem Dan no och, déi schéi Momenter aus der Karriär an déi domat verbonne positiv Gefiller ofzeruffen a Kraaft doraus ze zéien.
Op d’Fro wéi wichteg de mentalen Training wier, huet den Dan geäntwert, dass et a sengen Aen extrem wichteg wier, mee d’Sportpsychologie zu dem Zäitpunkt vu senger Karriär nach net esou etabléiert war an hien dowéinst sëlwer net mat engem Mental Coach konnt zesumme schaffen. Hien huet awer sëlwer vill mental Techniken ugewannt ouni sech dat wierklech bewosst ze sinn. Sou huet hien immens vill mat visualiséiere geschafft: viru Matcher ass hien am Kapp verschidde Situatiounen duerchgangen a konnt esou vill Saachen um Terrain antizipéieren, wëll en se am viraus schonn oft am Kapp duerchgespillt hat. Och beim Ëmgang mat Péng an dem Trainéiere vun handballspezifesche Gesten huet den Dan d’Visualiséiere vill agesat. D’Schüler hunn och gefrot wéi een sech op Matcher preparéiere kann an optimal mat Drock kann ëmgoen. Den Dan an de Frank hunn de Schüler*innen erkläert, dass all Sportler*in individuell Präferenzen hätt a jiddereen iwwert “Trial and Error” déi Methoden erausfanne misst, déi fir ee sëlwer am beschte passen. Hei kann och den Austausch mat Matspiller*innen, Trainer*innen a Mental Coachen immens hëllefräich sinn.
Als “Take Home Message” fir d’Schüler*inne sot den Dan dass lëtzebuergesch Sportler*innen sech net virum Ausland verstoppe sollten an een sech traue sollt de Schrëtt zum Profi ze woen, wann een dat wierklech wëll an een eng Léift zu dem Sport huet. Natierlech besteet ëmmer d’Méiglechkeet, dass een et net packt, mee soulaang een seng Entscheedung zu 100% duerchzitt, huet een sech sëlwer näischt virzewerfen, ganz nom Dan sengem Motto: "Mieux vaut des remords que des regrets". Mir soen dem Dan villmools Merci fir seng Zäit an déi vill interessant Ablécker an Erfarungen, déi hie mat eis gedeelt huet.