Nodeems déi éischt 2 Wochen 1re an 2e Schüler*innen am Module “Mental Training” am Kader vum PPG d’Ultra-Schwëmmerin Paule Kremer an déi fréier professionell Basketballspillerin Nadia Mossong interviewt hunn, hat dës Woch 3eC d’Chance den fréiere Schwëmmer Laurent Carnol kënnen ze interviewen. D’Ziel vun dësen Interviewe mat aktuellen an fréiere Spëtzesportler ass, dass d’Schüler*innen Ablécker an esou eng Sportlerkarriär kréien a vun den Erfarunge vun de Sportler*inne profitéieren. De Module “Mental Training” dës Woch war méi speziell, wëll 3eC am Homeschooling ass an de Cours vun den Donneschden kuerzfristeg ausgefall ass, wëll d’Schüler*innen den Donneschden eng Prüfung schreiwen. D’Schüler*innen an de Laurent waren awer esou flexibel, dass de gesamte Contenu vum Module inklusiv dem Sportler-Interview konnt den Dënschden virtuell iwwert Teams ofgehale ginn. Nodeems d’Schüler vum Frank Muller eng kuerz Intro an de Beräich Sportpsychologie, Mental Training a Goal-Setting kritt hunn, hu si innerhalb vun 20 Minutten den Interview mam Laurent virbereet.
De Laurent huet laang zu deene beschte Brasseschwëmmer an Europa gehéiert a war ënnert anerem 3mol bei olympesche Spiller (2008, 2012 an 2016) dobäi, wou hien 2012 zu London och an d’Halleffinall komm ass. Obwuel een natierlech och Affer muss brënge fir esou eng Sportlerkarriär ze hunn (z.B ass een als Spëtzesportler vill fort an et gesäit een seng Famill a Frënn oft wéineg) an et och schwéier Momenter ginn (z.B. wann een duerch eng Krankheet oder Verletzung bei enger wichteger Competitioun net kann deelhuelen oder seng optimal Leeschtung net kann ofruffen), huet de Laurent sëlwer keng Regrete wat seng Karriäre ugeet. Den Sport huet him et erméiglecht immens flott Erfarungen a Frëndschaften a verschiddene Länner ze maachen an hien huet als Beispill genannt wou hie bei der EM zu Budapest 2010 viru 15.000 Leit geschwommen ass. Ausserdeem hat hien duerch de Sport insgesamt am Liewen en Avantage, well hie geléiert huet sech Zieler ze setzen, haart dofir ze schaffen an awer och fir Hëllef ze froen, wann néideg.
Och am mentale Beräich huet de Laurent de Schüler*inne vill Ablécker an Tipps ginn. Him perséinlech huet et ëmmer gehollef sech kuerz- a laangfristeg Zieler ze setzen. Grad well Schwammen esou eng trainingsintensiv Sportaart ass, ass et wichteg sech fir den Training ëmmer Zieler an Aufgaben ze setzen an dës och duerchzezéien, wann ee sech mol eng Kéier net dono fillt oder keng Loscht huet. Dat kann engem en mentale Virdeel fir d’Competitioun ginn, wëll och wärend der Competitioun fillt ee sech net ëmmer zu 100% gutt. Nieft dëse kuerzfristegen Zieler ass et awer och wichteg, grouss Zieler an Dreem ze hunn op déi een hischafft. Dës Zieler kënnen engem zemools a méi schwéiere Momenter, wéi z.B. no enger Verletzung oder enger schlechter Performance, immens vill hëllefen. D’Schüler*innen hunn de Laurent och zu senger mentaler Preparatioun viru wichtege Competitioune befrot. Hien huet erzielt, dass hien 2 Woche viru wichtege Coursen ugefaangen huet ëmmer Owes déi Course am Kapp duerchzespillen. Hien huet sech hei all klengen Detail vun der Course, wéi z.B. seng Technik, sou genau wéi méiglech virgestallt. Kuerz virun der Course huet hien sech dann nach eng Kéier op déi wichtegst Punkten a seng Aufgaben an der Course konzentréiert an och déi am Kapp virgestallt. Oft sinn seng Coursen da wéi automatesch ofgelaf an un seng beschte Coursë kann de Laurent sech dowéinst net méi richteg erënneren.
Als “Take Home Message” fir d’Schüler*inne sot de Laurent, dass et nieft den Zieler hunn am Allerwichtegste wier, dass de Sport engem laangfristeg gesi Spaass mëscht an een sech soll en Environnement sichen, wou een sech wuel fillt an ebe Spaass kann hunn. Mir soen dem Laurent villmools Merci fir dee flotten Interview an och seng Flexibilitéit. Ee grousse Merci och de Schüler*inne vun der 3eC, déi och ganz flexibel waren an sech an där kuerzer Zäit immens flott Froe fir den Interview afale gelooss hunn.