Am Workshop ugebuede vu Fairtrade Lëtzebuerg hunn d’Schüler vun der 7eC2 op eng lieweg an interaktiv Aart a Weis geléiert, wat Fairtrade eigentlech bedeit , wou Fairtrade – Produiten hierkommen a wéi Mënschen an Entwécklungslänner duerch de fairen Handel kënnen ënnerstëtzt ginn.
Fir ze starten huet d’Klasse eng Auktioun simuléiert an sech missen entscheeden, wéi vill si géifen ausginn fir verschidde Problemer aus der Welt ze schaffen, esou goufen si ob Ongerechtegkeet an Ausbeutung vu Mënschen opmierksam.
Thematiséiert gouf och, dat Fast Fashion schlecht fir d’Ëmwelt ass. An dat Mënschen ausgebeut ginn fir bëlleg Kleeder hierzestellen, huet d’ Beispill vun enger eng Néiesch, di just 1 Cent verdéngt fir een T-Shirt, deen hei fir 30 Euro verkaf gëtt, gewisen.
Net schlecht gestaunt hunn d’Schüler, wou se gewuer goufen, dat ongeféier 11000 Liter Waasser gebrauch ginn fir eng Jeans ze produzéieren. Mir kéinte mat dëser Quantitéit z. B. 2 Joer laang duschen.
Positiv war, gewuer ze ginn, dat ëmmer méi fairtrade produzéiert gëtt, et 1240 Organisatiounen op der Welt ginn , wou Produzenten sech zesummeschléissen a mat verschidde Projekter z. B. jonker eng Ausbildung kréien an eeler Léit eng Rente.
No engem Pantomimespill krute Schüler e Film gewisen, dee weist, dat och Schoulen ënnerstëtzt ginn vu Fairtrade- Organisatiounen an mat Projekter zum Beispill Plantageaarbechter ënnerstëtzt ginn duerch Fairtradeprämien.
Dëst war en interessante Workshop fir ze gesinn, dat Fairtrade an d’ Relatiounen zwëschen eise Länner an de südlechen Entwécklungslänner wichteg ass fir d’Nohaltegkeet a fir Ongerechtegkeet ze bekämpfen an d’Mënsche global ze ënnerstëtzen.