Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“
Wou kann een eis Expo dëst Joer nach gesinn?
Vum 1. bis den 10. Oktober 2024 ass eis Ausstellung am Atert-Lycée zu Réiden.
Se ass wärend den Ëffnungszäite vum Lycée op fir de Public:
méindes bis freides: 08:00 – 17:00
samschdes: 08:00 – 12:00
Duerno wandert eis Ausstellung weider an de Lycée Ermesinde op Miersch.
Hei ass d’Expo den Dënschdeg, 22. Oktober vu 16:30 bis 18:45 Auer op fir de Grand public. Um 19:00 Auer dee selwechten Dag hält den Yves Steichen (CNA) e Virtrag mam Titel „D’Sprooch(en) am Lëtzebuerger Kino: 1990 bis haut“. Méi Detailer iwwer dëse Virtrag fannt Dir hei.
Enn des Joers wäert d’Ausstellung an der Stad am Lycée Michel Lucius sinn, dat vum 4. November bis den 12. Dezember 2024. D’Detailer vum Kaderprogramm an d’Ëffnungszäite fir de Public gi geschwë kommunizéiert.