X

ZLS NEWS

D'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg an am Kino: Deel 2

Haalt Iech den 22. Oktober fräi!

En Dënschdeg, den 22. Oktober kënnt Dir eis Wanderausstellung tëschent 16:30 an 18:45 Auer am Lycée Ermesinde zu Miersch gesinn. D'Ausstellung gëtt an der Bibliothéik vum Lycée gewisen an d'Ekipp vum ZLS ass op der Plaz, fir Iech d'Expo ze weisen a Froen ze beäntweren.

Um 17:00 Auer kann een eng Visitt vun der Ausstellung als Ifen-Formatioun maachen. Méi Informatioune fannt Dir hei.

 

An deem Kontext organiséiere mir och e Virtrag iwwer „D’Sprooch(en) am Lëtzebuerger Kino: 1990 bis haut“ zesumme mam Yves Steichen (CNA). De Virtrag fänkt um 19 Auer am Lycée Ermesinde un. 

Virdru gëtt et nach eng Klengegkeet z'iessen an ze drénken.

De Virtrag ass gratis. Dir kënnt Är Plaz reservéiere via E-Mail op booking@lem.lu.

De Virtrag ass och als Ifen-Formatioun ausgeschriwwen. Umelle kann ee sech hei


Ëm wat geet et am Virtrag?

De lëtzebuergesche Kino ass e vergläichsweis rezente Phenomeen. Bis Ufank vun den 1980er-Joren hunn sech déi professionell Filmaktivitéiten am Grand-Duché op d’Schafe vun eenzele Pionéier wéi beispillsweis de René Leclère oder de Philippe Schneider beschränkt, déi awer virun allem Documentairë gedréit hunn.

Duerch de grousse Succès, deen d’Spillfilmaarbechte vun der AFO (Congé fir e Mord, 1983), RTL (Déi Zwéi vum Bierg, 1985) an dem Andy Bausch (Troublemaker, 1988) beim einheimesche Public fir sech konnte verbuchen, ass den Interessi u lëtzebuergeschen – a lëtzebuergeschsproochegen – Filmproduktioune genausou gewuess wéi d’Bereetschaft vum Staat, d’Entwécklung vu professionelle Filmproduktiounsstrukturen ze fërderen.

Säitdeem entwéckelt sech den nationale Kino gewëssermoossen an zwou Richtungen: Der Sich no enger decidéiert lëtzebuergescher filmescher Identitéit, inklusiv eegener Theemen- a Billersprooch, stinn Internationaliséierungsbestriewunge géintiwwer, mam Zil, lëtzebuergesch (Ko-)Produktiounen och am Ausland visibel ze maachen. All dës Entwécklungen haten an deene leschte Joerzéngten en Afloss dorop, wéi eng Sproochen an Dialekter an de Filmproduktiounen zum Asaz koumen.