X

ZLS NEWS

D’Wanderausstellung bei der Nuit des Musées

Wou kann een eis Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ dëst Joer nach gesinn?

Dem ZLS seng Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ war vum 29. September bis de 4. Oktober 2023 am Forum Geesseknäppchen. Hei gouf d’Ausstellung de Weekend iwwer am Kader vun der „Luxembourg International Science Expo“ (LISE) 2023 gewisen an huet do e jonken, internationale Public erreecht.

No der LISE 2023 war d’Ausstellung op fir Klassen aus de Lycéeë vum Campus Geesseknäppchen.

 

 

De Weekend vum 14. Oktober gëtt en Deel vun der Ausstellung am Kader vun der Nuit des Musées gewisen, an zwar ass se e Samschdeg, de 14. Oktober, vu 17:00 bis 01:00 Auer am natur musée am Gronn ze gesinn. Niewent der Ausstellung mécht den ZLS och Presentatiounen zu follgenden Theemen:

  • „D’Déieren an der Sprooch“: 17:30, 19:00, 22:00 Auer
  • „Vu Vullen a Scheeken (18+)“: 21:00, 23:00, 24:00 Auer

 

Ee Weekend zu Arel

Enn Oktober wandert d’Ausstellung da fir d’éischt Kéier iwwer d’Grenz a gëtt vum 20. bis 22. Oktober zu Arel am Kader vun de „Journées des Langues et des Cultures“ gewisen. D’Expo ass e Freideg, den 20. Oktober, vu 14:00 bis 20:00 Auer op an e Samschdeg, den 21. Oktober, an e Sonndeg, den 22. Oktober, vu 14:00 bis 17:30 Auer. E Sonndeg am Nomëtteg ginn et och Presentatioune vum ZLS-Direkter Luc Marteling, vum Sproochmates Alain Atten a vun eisem Lexikograf, dem Alexandre Ecker. De ganze Programm fannt Dir hei.

Déi lescht Rendez-vouse fir 2023: CHEM a Wuermer

D’Ausstellung ass 2023 nach op zwou anere Plazen ze gesinn: Vum 10. bis de 24. November zu Esch am Centre Hospitalier Emile Mayrisch a vum 27. November bis den 3. Dezember zu Wuermer. Aus technesche Grënn gouf d’Statioun am INLL (Glacis) reportéiert, a mir schaffen drun, d’Ausstellung d’nächst Joer am INLL um Belval ze weisen.

Am neie Joer fänke mer da mat enger Statioun zu Déifferdeng un. Vum 12. bis de 27. Januar 2024 ass d’Ausstellung am Ale Stadhaus. Detailer zu weidere Statioune gi geschwë verëffentlecht.

 

VIDEO: E kuerze Clip vun der Presentatioun vun der Expo an der Abtei Neimënster

FOTOGALERIE: Andréck vun der offizieller Virstellung (ënnen am Artikel)

PDF: Flyer vun der Expo fir erofzelueden

JPG: Pouster vun der Expo als Download

 

Fotoen: ZLS / Tessy Troes