X

ZLS NEWS

Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“: Nei Datumen

Miedernach, Geesseknäppchen, Arel ...: Et stinn nei Rendez-vouse fest fir d’Wanderausstellung vum ZLS

No hirer offizieller Presentatioun am Juni gouf eis Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ op hirer éischter Statioun an der Belle Etoile gewisen an do vu ronn 1.400 Persoune gekuckt! E grousse Merci un all déi Leit, déi sech mat der Ausstellung auserneegesat hunn a mat eis geschwat hunn.

 

 

Zweet Statioun am Éislek

Ufank August huet d’Wanderausstellung sech op de Wee op Ëlwen gemaach. Vum 5. bis den 9. August 2023 gouf se do am Centre culturel gewisen, an d’Ekipp vum ZLS huet d’Visiteuren all Dag vu 14 bis 18 Auer betreit.

 

Nei Rendez-vousen

Déi nächst confirméiert Statioune sinn:

  • Miedernach: vum 3. bis den 9. September 2023 an der Sportshal, Ouverture am Kader vum Stroossemaart Lëtzebuerger Produkter (deen ass e Sonndeg, den 3. September vun 10 bis 18 Auer an zitt all Joer vill Leit un)
  • Forum Geesseknäppchen: vum 29. September bis de 4. Oktober 2023 am Kader vun der Luxembourg International Science Expo (LISE) 2023
  • natur musée: de 14. Oktober 2023 gëtt een Deel vun der Expo am Kader vun der Nuit des musées gewisen
  • Arel: vum 19. bis 22. Oktober 2023 am Palais am Kader vun Les Journées des Langues et des Cultures
  • Esch-Uelzecht: vum 10. bis de 24. November 2023 am Centre Hospitalier Emile Mayrisch
  • Wuermer: vum 27. November bis den 3. Dezember 2023 am Centre culturel
  • Déifferdeng: vum 12. bis den 27. Januar 2024 am ale Stadhaus
  • Nordstrooss Shopping Mile Marnech: vum 15. bis de 25. Mäerz 2024
  • ECG (École de Commerce et de Gestion): vum 6. bis den 10. Mee 2024

 

 

D’Visitt vun der Expo ass gratis a weider Datume fir 2024 kommen nach bäi. Wann Dir méi iwwer d’Ausstellung wëllt gewuer ginn oder méi Fotoe wëllt gesinn, da kuckt hei.

Interesséiert, fir d’Ausstellung och bei Iech ze weisen? Gemengen, Schoulen, Veräiner … kënne sech beim ZLS mellen (expo@lod.lu).

De Flyer fannt Dir hei, an hei kënnt Dir de Poster eroflueden.