X

ZLS NEWS

D'Pan klaken + d'Schong voller Féiss

De Band 2 vum Lëtzebuerger Wuertschatz ass do

Nodeems de Band 1 vun der Serie "Lëtzebuerger Wuertschatz" 123 Pärelen – also Wierder –  aus der Lëtzebuerger Sprooch presentéiert huet, zerwéiert de Band 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten. Zwou dovu fënnt een dann och direkt am Titel: D'Pan klaken + d'Schong voller Féiss.

"Ausdréck an Andréck" ass den Titel vum Minister Claude Meisch senger Preface: Léier keen alen Af Konschte maachen! Dee Sproch passt och zerguttstert op d'Lëtzebuerger Sprooch: Am Fong brauch een hir näischt bäizebréngen, well fir all mënschlech Staut an all natierlech Naup huet se well hiren Ausdrock. A wat fir Ausdréck, zackerdjëssen! Nom grousse Succès vum éischte Wuertschatz-Band „Aläert, jauwen, Zockerboun“, deen 123 Wuert-Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch presentéiert huet, kënnt der Iech dës Kéier op traditionell Riedensaarten a Riedewendunge freeën. Bäino honnert huet d'Ekipp vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch der aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire gefëscht an an dësem Buch gesammelt. Natierlech mat der Erklärung vum Ausdrock – op Lëtzebuergesch, awer och an deenen anere véier Iwwersetzungssprooche vum LOD: op Däitsch an op Franséisch, op Englesch an op Portugisesch. An der Hoffnung, datt méiglechst vill Leit sech fir d'Ausdréck begeeschteren an hinnen neit Liewe schenken. Dat doten ass eng Plooschter op en hëlzent Been! D'Ausdréck, déi am Dictionnaire bal all als ëmgangssproochlech markéiert sinn, gräife gären op Metapheren zeréck. Dat war e Wénk mat der Scheierpaart. An op däitlech Wierder. Dat huet kee Kapp a kee Schwanz! Wat bass du e Stéck Miwwel! Et ass eng Sprooch voller staarker Biller, kéipweis Fudder fir d'Fantasie: Sidd gespaant ewéi e Prabbeli an huelt dës sproochlech Käschten aus dem Feier. Well och fir d'Lëtzebuerger Sprooch gëllt: Der Däiwel ass net esou schwaarz, wéi e gemoolt gëtt!

D'Pan klaken an d'Schong voller Féiss
99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten
Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 2
© Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2021
Redaktioun: Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)
Editeur: ZLS a SCRIPT
Layout: Laurence Dostert
Dréckerei: Imprimerie OSSA, 1. Oplo
ISBN 978-2-9199644-2-0
96 Säiten, 10 Euro

Ze kréien an de Librairien an op LORD.lu.

 

"Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch"
Iwwer den éischte Band vun der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“

„Mat dësem apaarte Choix vun 123 Adjektiven, Adverben, Interjektiounen, Substantiven a Verbe beweist den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch eng gutt Händche fir eis Sprooch, déi vill méi räich ass, wéi een dacks mengt.“ Dat schreift den Educatiounsminister Claude Meisch a sengem Virwuert zu „Aläert, jauwen, Zockerboun“, wéi den éischte Band vun der neier ZLS-Kollektioun „Lëtzebuerger Wuertschatz“ heescht. Op eng faarweg an erfrëschend Aart a Weis ginn 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. Se stamen all aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire, verloossen awer hei hire strengen Dictionnaireskader, fir vun der Grafikerin Laurence Dostert ganz ludique an ouni Beréierungsängscht an Zeen gesat ze ginn. E richtege Schatz!

E sëllege Wierder goufen dem Zenter iwweregens duerch d’Aktioun #Wonschwuert proposéiert: Déi eng kennt een nach gutt, anerer huet ee vläicht nach ni héieren. D’Iddi vun der Serie ass et, d’Loscht un der Sprooch an un hirer Vilfalt waakreg ze halen. A wie weess, vläicht héiert een an Zukunft jo och dat eent oder anert Wuert nees méi dacks am deegleche Sproochgebrauch ...

 

Aläert, jauwen, Zockerboun
123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch
Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 1
© Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2020
Redaktioun: Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)
Editeur: ZLS a SCRIPT
Layout: Laurence Dostert
Dréckerei: Imprimerie OSSA, 2. Oplo
ISBN ISBN 978-2-9199644-1-3
96 Säiten, 10 Euro

 

Ze kréien an de Librairien an op LORD.lu.

Iwwerbléck iwwer sämtlech Bicher vum ZLS op LORD.lu.