X

ZLS NEWS

Knapps bestallt, schonn ënnerwee

Déi éischt Commandë vun der Lëtzebuerger Orthografie sinn am Gaangen, ausgeliwwert ze ginn.

Deeglaang goufen am Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zu Stroossen Maile gesënnert, Adresse gesammelt, Enveloppë bestallt, Bréiwer vum Minister gefaalt an Timbere gepecht – e Freideg goung et dunn op d'Post mam éischten Deel vun de Commanden, déi den ZLS-Mataarbechter Alex Haas fäerdeg gemaach hat.

Am Laf vun den nächsten Deeg dierft da jiddereen, deen eng Orthografie bestallt huet, déi dann an den Hänn halen.

Wien nach keng bestallt huet, awer och eng wëllt, dee kann nach ëmmer eng kréien. Einfach e Mail schécken op lod@lod.lu – d'Adress wgl. net vergiessen! D'Buch gëtt da gratis geschéckt. Wien d’Buch oder méi grouss Commanden am ZLS-Siège (163, rue du Kiem, L-8030 Stroossen) wëllt ofhuelen, deen ass gebieden, virdrun e Rendez-vous auszemaachen (Tel. 247-88640 oder lod@lod.lu).

WICHTEGEN DETAIL: Bei der 4. Oplo vum Buch "D'Lëtzebuerger Orthografie" handelt et sech ëm en Nodrock mat der üblecher Feelerkorrektur. Déi viregt Oploe sinn nach ëmmer gutt!

Natierlech fënnt een déi aktuell Orthografie-Reegelen och op eisem Internetsite, op ZLS.lu kann een se ënnert annerem och als PDF eroflueden, an där Datei kann een da kamoud sichen.

Mir soe Merci fir den Interessi a wënsche vill Freed mat de Reegelen a vill Erfolleg beim Léieren. Wann Dir nach eng Fro hutt, dann zéckt net, fir eis ze schreiwen.

Méi Inform atiounen iwwer d'Publikatioune vum ZLS gëtt et hei.