X

ZLS NEWS

Bei Orthografie-Bestellunge wannechgelift eng Grëtz Gedold

Wéinst grousser Nofro muss dat offiziellt Reegelwierk op en Neits nogedréckt ginn

Am November 2019 ass déi aktualiséiert a completéiert Lëtzebuerger Orthografie virgestallt ginn. Zanter der Rentrée 2020 ass se eleng a Kraaft, wat nach eemol zu enger grousser Nofro gefouert huet: Ronn 600 Exemplairen hu mir an de leschte Woche verschéckt.

Natierlech huet eis dësen Interessi immens frou gemaach. An der Lescht koumen iwweregens och e sëllegen Ufroen aus der Groussregioun ... a via Twitter esouguer aus den USA!

 

Aktuell ass de Stock awer esou gutt ewéi eidel, mee mir drécken no. Dofir bestellt roueg weider, mir freeën eis iwwer all Commande, hutt just wannechgelift e bësse Gedold, wat d'Liwwerung ugeet. Mir hoffen awer, datt d'Orthografie nach virum Enn vum Joer nees disponibel ass gratis!

 

Iwweregens: Antëschent goufe 14.000 Ortho-Bicher verdeelt! Merci fir den Interessi!