X

ZLS NEWS

Grouss Nofro no der "Lëtzebuerger Orthografie"

Bäino 550 Kopien huet den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an de leschten Deeg verschéckt.

Am Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch zu Stroossen goufen an de leschte Wochen an Deeg vill Bicher an och vill Enveloppë getässelt. De Grond: eng stënterlech Nofro nom Bichelchen "D'Lëtzebuerger Orthografie". Ganz iwwerraschend koum dës Demande awer net, well et gouf en neien Ament, wat d'Reegelwierk vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeet ...

Am November 2019 war déi aktualiséiert a komplettéiert Orthografie virgestallt ginn an domat direkt en vigueur – allerdéngs nach zesumme mat de viregte Reegelen, fir weeder Enseignanten nach Apprenanten um falsche Fouss ze erwëschen a fir ze verhënneren, datt eng Schreifweis vun haut op muer op eemol net méi up to date wier. Dës Iwwergangsphas huet vun November 2019 bis September 2020 gedauert. An anere Wierder: Zanter der Rentrée sinn déi "nei" Reegelen déi eenzeg offiziell (méi Infoen an eisem Artikel).

Grouss Nofro, séieren Nodrock

Noliese kann een se an der Publikatioun "D'Lëtzebuerger Orthografie", engem Bichelche mat 112 Säiten, dat et gratis am Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch gëtt (ze bestelle via E-Mail op: lod@lod.lu). Well de Run dorop vill méi grouss wéi erwaart war, huet antëschent scho mussen zweemol nogedréckt ginn. Bal 14.000 Kopië sinn ënnert d'Leit bruecht ginn! Datt den Zenter sech immens iwwer dës impressionant Nofro gefreet huet, versteet sech wuel vum selwen.

A well d'Nofro an de leschte Wochen an Deeg nach eemol esou an d'Luucht geschoss ass, war den ZLS op en Neits e gudde Client bei der Lëtzebuerger Post – quasi am Dagesrhythmus goufen Tuten oder Këschte voller Enveloppen a Päck ofgeliwwert.

Am Zenter selwer bleiwen nach just e puer Bicher disponibel. E weideren Nodrock ass awer an der Maach, versprach!

Natierlech gëtt et d'Lëtzebuerger Orthografie och online (https://portal.education.lu/zls/ORTHOGRAFIE), mat enger PDF-Datei fir erofzelueden. Déi huet de Virdeel, datt een doranner och ganz bequeem siche kann.

A wann eemol eppes Orthografesches net kloer ass, da schreift eis: Mir si fir Iech do!