Juli 2015: Schoulfest - Fête scolaire
E Freiden, den 10.Juli hate mer nees zesumme mat der Elterevereenegung an der Maison Relais eist Schoulfest organiséiert. Dëst Joër gouf et e Contest fir d'Kanner ennert dem Motto "Maach ët besser!" A verschidden Atelieren ass et vu 14.10 - 16.00 Auer drëms gaang fir et besser ze man wi séng Virgänger. Verschidde Spiller wore mat engem "B" fir Bühn markéiert. Den Daagesgewënner vun deenen Atelieren duerft dann dono op der Bühn géint e Schoulmeeschter oder eng Joffer untrieden.
D'Wieder an d'Stëmmung wore super. Em 4 Auer goufen nach d'Finale vum Intercycle-Championnat am Futtball gespillt. Et gouf en Occasiouns-Spillsaachen-a-Bichermaart, eng Tombola, Iessen a Gedrénks. Matgehollef hunn d'Elterevereenegung, d'Maison Relais an d'fräiwëlleg Pompjeeën.