Abrëll 2015: Schoulsportdag
Den Donneschten, 2.Abrëll stoung ganz am Zeeche vum Sport. Vu 8:05 - 11:30 konnten all d'Kanner a verschidden Atelieren zesumme spillen an och nei Sportarten kenne léieren. Wéinst dem schlechte Wieder goufen all d'Atelieren ënnerdag ofgehalen. E grousse Merci nees all de Bénévolen vun de Sportsklibb an der APE, dass se eis gehollef hunn de Kanner e flotte sportlechen Dag ze bidden. Als Ofschloss hate mer dann nees eisen traditionelle gemeinsame Laf ronderem d'Schoul an den CIPA.