Fotoalbum 2020-2024
Schoul "Am Sand" 2020-2021, 2021-2022, 2022-2023, 2023-2024
Och dëst Joer waren d‘Kanner an d‘Léierpersonal aus der Schoul am Sand nees um "Chrëschtmaart A Schommesch" mat dobäi. Den Erléis vu ronn 6000 EUR goung un Amitié Am Sand-Amizero a gëtt agesat fir Schoulprojeten am Ruanda ze finanzéieren.
Den 20. Oktober huet d’ A.s.b.l. Maarkollef an d’ Enseignanten aus der Schoul d’Kanner vum Cycle 2 a Cycle 3.1 op d’ Halloweenfest am Kannergaart invitéiert. An grujeleger Atmosphäre konnten d’Kanner am Kannergaart Rommelmonsteren dekoréieren, duerch e risegt Spannennetz kloteren, e mageschen Zauberstaf bastelen oder mat verbonnen Aen duerch en
onheemleche Fillparcours goen. D'Kanner goufe geschminkt a kruten Halloweentatooen gemaach. Fir Iessen a Gedrénks war och gesuergt : Grujelwirschtercher, Spagettispannebeen an e waarmen Hexendrank.
14:00 - 16:00 Ateliers proposés aux élèves sous la direction des enseignants * Atelieren zum Thema Natur mat Kooperatiounsspiller, Naturspiller, Rallye, Molatelieren, Landart, Hapa Zome, Waasserbaustell a Schnëtzen, Naturyoga, Seedbombs, Atelieren am Schoulgaart a beim Beiestand, Bastelen mat Naturmaterialien, ...
16:00 - 20:00 Fête Scolaire ouverte à tous: jeux et stands organisés par l'APE en collaboration avec l'école * Schoulfest mat Atelieren a Spiller, Iess- a Gedrénksstänn, dem Bicherfloumaart vum Cycle 4 an der grousser Talentshow op der Bühn. Sangen, Danzen, Zauberen, Komedie… . alleng oder als Grupp
De Chrëschtmaart vum 2.bis de 4. Dezember 2022 war e groussen Erfolleg duerch den Asaz vum Léierpersonal a vun de Schoulkanner aus de Cyclen 1 bis 4. Si hu wonnerschéin Keramik an Holzfigure gebastelt, Käerzen an Hunneg gemaach, Kichelcher gebak... Si hu Lidder ageprouft a mat hire Museks- Enseignanten op der Bün gesongen. Den Erléis geet un Amitié Am Sand-Amizero a gëtt agesat fir Schoulprojeten am Ruanda ze finanzéieren.
D'Kanner aus de Cyclen 2 an 3 an d'ukrainesch Kanner hunn de Kleeschen am Loisi gefeiert.
3 Jor hu mer missen drop waarden fir endlech nees kënnen e Schoulfest ze feieren. An dann direkt esou e super Wieder!
No 2 Joer Paus, dem "Schoulsportdag doheem" d'lescht Joer, konnte mer dëst Joer nees e richtege Schoulsportdag ofhalen. Et war nawell zimmlech kal, mee trotzdeem hate mer all e ganz flotten a sportleche Moien, bei deem d'Kanner ganz ënnerschiddlech Sportaktivitéite kennegeléiert hunn: Basket, Fussball, Kloteren, Danzen, Tennis, Dëschtennis, Karate, Volleyball, Rugby, Badminton (Fiederball), Spiller bei de Pompjeeën an an der Schwämm. Merci all de Benevollen déi en Atelier fir d'Kanner ofgehalen hunn an och den Eltere vun der APE fir déi gesond Stäerkung an der Paus. En extrae Bonus gouf et no de Sportsaktivitéite moies: de Charity Run! Enseignanten, Kanner, Elteren an e puer Pensionär(inn)e aus dem CIPA hunn hir Tier am Lafen oder Goe ronderëm d'Schoul gedréint, fir méiglechst vill Sue fir den Télévie ze sammelen.
D’Schoulkanner vun Nidderaanwen sange fir Kanner aus dem Ruanda
Wéinst Corona dierfen d'Klasse jo net an en anere Cycle virliese goen. Dofir hu Schüler aus dem Cycle 4 Billerbicher aus der Ausstellung "Alles Familie" virgelies a sech dobäi opgeholl. Si hunn d'Säiten aus de Bicher fotograféiert an e Bookcreator erstallt. Elo sinn hier Video‘e fäerdeg an de C2 däerf se kucken. ( Youtube-Playlëscht: https://youtube.com/playlist?list=PLmaMU_ZUQlMy1f1cUc07pMDnUyymaCgAG )
Bei eis am Sand leeft vill, wat eis an eise Kanner Freed mécht. Eng Initiative vum Grupp "Lieu de parole".
Bei beschtem Wieder huet d'Schoul mat Hëllef vun de Benevollen de Kanner e sportleche Moien gebueden, bei deem si ganz ënnerschiddlech Sportaktivitéite konnte kenneléieren: Basket, Fussball, Kloteren, Danzen, Tennis, Dëschtennis, Karate, Volleyball, Badminton (Fiederball), Petanque, Spiller bei de Pompjeeën. Merci och den Eltere vun der APE fir déi gesond Stäerkung an der Paus. Ofgeschloss gouf de Moien mat engem gemeinsame Laf ronderem Schoul a Maison Relais.