Journée sportive
D'Wieder huet net ganz matgespillt, mee trotzdeem hate mer all e ganz flotten a sportleche Moien, bei deem d'Kanner ganz ënnerschiddlech Sportaktivitéiten kennegeléiert hunn: Basket, Fussball, Dëschtennis, Rugby, Volleyball, Karate, Kloteren, Danzen, Petanque, Badminton (Fiederball), Cantienica, Spiller bei de Pompjeeën an an der Schwämm. Als Ofgeschloss si mer dunn all zesummen eppes méi wéi 1 km gelaf. Merci all de Bénévolen déi en Atelier fir d'Kanner ofgehal hunn an och den Elteren vun der APE fir déi gesond Stäerkung an der Paus.
Fotogalerie Gemeng
Fotogalerie Schoul