Vum 30ten Mäerz bis den 4ten Abrëll wor de Sportlycée mat enger Meederchersequipe op CROSS-COUNTRY Schoulweltmeeschterschaft op Tiberias an Israel. Als besonneschen Abrëllsgeck wor d’Course op Dënschdes den 1ten Abrëll geluet ginn. No 3,3 km duerch stëbseg Weeër an Felder sinn eis Meedercher mat enger gudder 12ter Equipenplaz ukomm.