Une revue de presse mensuelle vous tient au courant des sommaires, dossiers et titres de couverture des périodiques abonnés.
D'Schüler vun der 9TE waren Doneschdes den 10. Oktober, am Kader vun der Optioun Atelier, d'Firma John Zink Hamworthy Combustion besichtegen. Dës Firma ass virun allem op Brenner fir Raffinerien spezialiséiert, produzéiert awer och sos fir vill aner Beräicher vun der Petrochimie an gehéiert zu Koch Industries. John Zink Hamworthy Combustion, déi et zënter 1929 gëtt huet säit 1980 ee Sëtz zu Diddeleng. Vun hei aus bedéngen si den Marché vun Europa, Afrika, Asien an den mëttleren Orient. Zu Diddeleng hunn si hiren greisten Site an Europa wou si 255 Leit beschäftegen. Dovun sinn 100 spezialiséiert Aarbechter déi an hiren Hallen hir Produkter vun Grond op bauen. Zu dem Site gehéiert och eng Testanlag wou si mosen op hir Produkter och den Ufuerderungen vun den Clients entspriechen. Eis Schüler goufen léif empfaang, kruten d'Firma matt Hëllef vun enger Powerpoint Presentatioun virgestallt, an hunn dono en interessanten Tour duerch d'Produktiounshal gemaach wou si novollzéien konnten wei aus engem Blech een Brenner oder eng Fakel entsteet. Zum Schluss konnten si sech nach den John Zink Testzenter ukucken. Ee groussen Merci geet un den Här Giezek, den Här Weber an den Här Sarré, dei eis des Firma gewisen hunn. www.johnzink.com
En Dënnsten, den 8. Oktober waren d’Schüler vun der 8TE, am Kader vun der Optioun Atelier, d’Firma Hoffmann’s Bois besichtegen. Des Firma as virun allem op den Holzhandel spezialiséiert, an huet hannert hirem „normalen“ Buttek riseg Lagerhalen matt zich verschiddenen Zorten Holz. Duerch dëst Holzlager kruten eis Schüler en interessant Tour vum Här Klaus Kurek gebueden. Den Här Kurek, zënter 40 Joer am Holzhandel aktiv an Chef vum Holzakaf, huet de Schüler vill iwwert déi verschidden Zorten Holz an hiren respektiven Verwendungszweck erziele kennen. Hien ass och op de Funktionnement vun der Firma agaangen an huet hinnen vun sengem eegenen a vun allen aneren Beruffer an der Firma Hoffmann’s Bois erzielt. Besonnesch erstaunt waren eis Schüler awer wéi se héieren hunn, dass Hoffmann’s Bois, sou ewéi vill aner Firmen och, Problemer huet Stagiairen ze fannen di sech fir den Holzhandel interesséieren. www.hoffmanns.lu
D’Schüler vun der 9TE waren Mëttwochs den 2. Oktober, am Kader vun der Optioun Atelier, d’Firma Lindab Buildings op Dikrech besichtegen. Des Firma ass am Halebau aktiv an ass do den gréissten Hiersteller aus Europa. Sie bauen all Zorten Hallen wie z.B. Lager-, Produktiouns- a Sportshalen. Besonnesch impressionéiert waren eis Schüler wéi si gewuer goufen dass Lindab Buildings den iwwerwaachten Terrain fir den Wantertraining vun Dynamo Kiev gebaut hunn. Mir haten d’Chance ee klengen Tour vun den Bürosraim ze maachen an dunn di gesamt Produktiounshal vum Här Morgen Pierre, Responsable technique vun Lindab Buildings Weltwäit, erklärt ze kréien. Hee war super frëndlech an huet de Schüler dat gutt erkläre kennen. D’Schüler sinn vill iwwert déi eenzel Beruffer an dëser Firma gewuer ginn. www.astron.biz