La revue de presse vous permet de découvrir les derniers numéros des périodiques de sport, ainsi que les dernières acquisitions.
The newsletter keeps you updated with the latest issues of our sports journals.
En Mëttwoch, den 13. November waren d'Schüler vun der 9TE, am Kader vun der Optioun Atelier, den Garage Kontz op der Diddenhuewener Strooss besichtegen. Den Garage Kontz as een BMW Händler deen zum Kontz Group gehéiert. Zum Kontz Group gehéieren net nëmmen BMW mee och M BMW an I BMW, BMW Motorieder sou wei Mini, Land Rover an Aston Martin. Den Här Pascal Henry, Responsable beim Service Après Vente huet eis en flotten Tour duerch di eenzel Departementer gebueden. Ugefangen bei der Vente, dann dem Departement Mecanique, Electrique, den Magasin, den Departement Motorieder an zum Schluss waren mir bei d'Carrosserie. Eis Schüler hunn iwwerall kenen een gudden Iwwerbléck kréien an konnten och iwwerall Froen stellen. Si kruten vill erklärt an et gouf och mam alen Virurteel opgeraumt dass een Mecanicien een mat knaschtegen Fanger ass. Spannent war ze gesinn wie d'Aarbechter am Departement Electrique sech op Sich no den Feeler maachen. Et huet eppes vun Detektivaarbecht an berout vill op den analyteschen Fäegkeeten vun den Mataarbechter. Als kreinenden Ofschloss konnten d'Schüler dunn bei Aston Martin goen an sech do een Iwwerbléck verschafen. Am léifsten wieren si jo all mat engem Aston Martin heemgefuer mee do goufen si leider enttäuscht. Och beim Garage Kontz kruten si ugebueden, dass si, falls si un engem vun deenen Beruffer Interessi hätten, sech ganz gären bei hinnen mellen kenen fir eng Ausbildung ze maachen. www.arnoldkontz-group.com
En Dënsten, den 12. November waren d'Schüler vun der 8TE, am Kader vun der Optioun Atelier, d'Firma MSE besichtegen. MSE as eng Schräinerei zu Zolwer déi virun allem Fënsteren, Dieren, Kichen, Parquet an Abauschief realiséieren. D'Geschicht vun der Schräinerei MSE huet 1962 matt engem klengen Atelier zu Alzeng ugefaang. 2012 sinn si eréischt an hir 900m2 grouss Hal op Zolwer geplënnert. Den Här Pütz huet eis als éischt duerch hir Ausstellungsraim gefouert, wou hien de Schüler gewisen huet wéi de Service bei hinne funktionéiert an wat et alles un Dieren, Fënsteren a Parquet gëtt. Dono ass et am Atelier weidergaang wou den Här Rodius eise Schüler dunn d'Funktionnement vun deenen eenzelne Maschinnen erklärt a virgewisen huet. Wéi den Hoffmann's a Prefalux, huet och d'Schräinerei MSE Problemer Stagiairen ze fannen di sech vir d'Arbecht am Holz interesséieren. www.mse.lu
En Dënsten, de 5. November waren d'Schüler vun der 8TE, am Kader vun der Optioun Atelier, op Jonglënster d'Firma Prefalux besichen. Prefalux as eng Baufirma déi sech virun allem op Holzkonstruktiounen an Diercher spezialiséiert huet. Zu Jonglënster schaffen sie an 3 verschiddenen Atelieren: eng Schräinerei, eng Schlässerei, an een déngt zur Hirstellung vun den Charpenten. Eis Schüler kruten een interessanten Tour duerch dës 3 Atelieren an awer och hir Bureauen, wou d'Informatiker an Bauzeechner Projeten ausschaffen, gebueden. Fir eis Schüler war et interessant deen ganzen Oflaf erklärt ze kréien, vun der Planung bis bei d'Hierstellen vun den eenzelnen Stecker di verbaut ginn. Do doniewent war et fir eis all och interessant gewuer ze ginn, dass an dëser Firma 10 verschidde Beruffsgruppen zesummeschaffen. Besonnesch begeeschtert waren sie awer wéi se gesinn hunn dass d'Firma Prefalux och den Ausbau vun eiser Schoulkantin realiséiert huet. www.prefalux.lu
D'Schüler vun der 9TE waren Doneschdes den 10. Oktober, am Kader vun der Optioun Atelier, d'Firma John Zink Hamworthy Combustion besichtegen. Dës Firma ass virun allem op Brenner fir Raffinerien spezialiséiert, produzéiert awer och sos fir vill aner Beräicher vun der Petrochimie an gehéiert zu Koch Industries. John Zink Hamworthy Combustion, déi et zënter 1929 gëtt huet säit 1980 ee Sëtz zu Diddeleng. Vun hei aus bedéngen si den Marché vun Europa, Afrika, Asien an den mëttleren Orient. Zu Diddeleng hunn si hiren greisten Site an Europa wou si 255 Leit beschäftegen. Dovun sinn 100 spezialiséiert Aarbechter déi an hiren Hallen hir Produkter vun Grond op bauen. Zu dem Site gehéiert och eng Testanlag wou si mosen op hir Produkter och den Ufuerderungen vun den Clients entspriechen. Eis Schüler goufen léif empfaang, kruten d'Firma matt Hëllef vun enger Powerpoint Presentatioun virgestallt, an hunn dono en interessanten Tour duerch d'Produktiounshal gemaach wou si novollzéien konnten wei aus engem Blech een Brenner oder eng Fakel entsteet. Zum Schluss konnten si sech nach den John Zink Testzenter ukucken. Ee groussen Merci geet un den Här Giezek, den Här Weber an den Här Sarré, dei eis des Firma gewisen hunn. www.johnzink.com
En Dënnsten, den 8. Oktober waren d’Schüler vun der 8TE, am Kader vun der Optioun Atelier, d’Firma Hoffmann’s Bois besichtegen. Des Firma as virun allem op den Holzhandel spezialiséiert, an huet hannert hirem „normalen“ Buttek riseg Lagerhalen matt zich verschiddenen Zorten Holz. Duerch dëst Holzlager kruten eis Schüler en interessant Tour vum Här Klaus Kurek gebueden. Den Här Kurek, zënter 40 Joer am Holzhandel aktiv an Chef vum Holzakaf, huet de Schüler vill iwwert déi verschidden Zorten Holz an hiren respektiven Verwendungszweck erziele kennen. Hien ass och op de Funktionnement vun der Firma agaangen an huet hinnen vun sengem eegenen a vun allen aneren Beruffer an der Firma Hoffmann’s Bois erzielt. Besonnesch erstaunt waren eis Schüler awer wéi se héieren hunn, dass Hoffmann’s Bois, sou ewéi vill aner Firmen och, Problemer huet Stagiairen ze fannen di sech fir den Holzhandel interesséieren. www.hoffmanns.lu
D’Schüler vun der 9TE waren Mëttwochs den 2. Oktober, am Kader vun der Optioun Atelier, d’Firma Lindab Buildings op Dikrech besichtegen. Des Firma ass am Halebau aktiv an ass do den gréissten Hiersteller aus Europa. Sie bauen all Zorten Hallen wie z.B. Lager-, Produktiouns- a Sportshalen. Besonnesch impressionéiert waren eis Schüler wéi si gewuer goufen dass Lindab Buildings den iwwerwaachten Terrain fir den Wantertraining vun Dynamo Kiev gebaut hunn. Mir haten d’Chance ee klengen Tour vun den Bürosraim ze maachen an dunn di gesamt Produktiounshal vum Här Morgen Pierre, Responsable technique vun Lindab Buildings Weltwäit, erklärt ze kréien. Hee war super frëndlech an huet de Schüler dat gutt erkläre kennen. D’Schüler sinn vill iwwert déi eenzel Beruffer an dëser Firma gewuer ginn. www.astron.biz