ASA asbl
De Méinden 25. November haten d'Schüler vun der 7O2 ganz spezielle Besuch krit. Op Grond vun engem Concours ënnert de 7ièmes Klassen am Kader vun der Aktioun "E Stopp vir e Mupp" waren d'Madame an den Här Nash an hir zwee Assistenzhënn op Besuch komm.
d'7O2 hat eise Concours mat 96kg gesammelte Stëpp knapp virun der 7O1 matt 93kg Stëpp gewonnen. Déi 3. Plaz hat d'7ST gemaach matt 50kg Stëpp.
D'Madame Nash vun der ASA asbl, Amicale vun der Schoul vir Assistenzhënn, hat de Vistoux, een 9 Joër ale Golden Retriever an den Horinzon, en 2 Joër ale Labrador matbruecht. Si huet de Schüler erklärt wou sou en Assistenzhond iwwerhaapt agesat gëtt, wéi d'Ausbildung ausgesäit an déi zwee Hënn hunn de Schüler gewisen wat si alles kënnen, wéi zum Beispill Schal, Händchen oder Brëll ausdoen an nach villes méi. Besonnesch impressionéiert waren eis Schüler wéi de Vistoux hinne gewisen huet dass hien och rechne kéint.
Mir soen der Famill Nash, dem Vistoux an dem Horizon villmools Merci fir dës flott Visite! www.assistenzhonn.com