Update: Resultater vun der Halleffinal
De Sportlycée ass stolz verkënnegen ze kënnen, dass den Olivier Cano an de Jules Schmitz (3C) e Méindeg och d'Hürd vun der Halleffinale bei der "Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad" gemeeschtert hunn. Enner 70 ugetrueden Schüler kommen si op di fantastesch 9. an 13. Plaatz, nodeem si sech den 12. November schon ënner 2109 Kandidaten fir dës Halleffinale konnten qualifizéieren. (www.nwo.lu)
Mir gratuléieren ganz häerzlech an wënschen ganz vill Gléck an Erfolleg fir d'Finale den 16. Februar 2016 am LMRL.