X

Catégories

Schaffe mat engem "Lesebund"

Cyclen 2-4: Entwéckele vu Liesstrategien

Zilgrupp: Cyclen 2-4

Fokus: Entwéckele vu Liesstrategien

Enseignante: Pamela Flick

Schoul: "Reenert" zu Woolz, Cycle 3.1

Beim Behandele vun Texter ass et oft esou, datt déi eng Schüler/innen d'Äntwerten op d'Froen direkt am Text erëmfannen an anerer sech schwéier dobäi dinn, fir déi passend Äntwert ze fannen. Schwiereg gëtt et v.a. dann, wann et em d'Liesen tëschent den Zeile geet. Dofir ass et wichteg, vun Ufank un gezilt un de Liesstrategien ze schaffen.

Contexte

Et ass mir wichteg, meng Schüler/inne beim Liese vun Texter ze begleeden, esou datt  hiert Textverständnis geséchert gëtt. Esou hunn ech mer iwwerluecht, wéi ech en Outil entwéckele kann, deen esou eng Ënnerstëtzung erméiglecht, andeems d'Schüler/innen iwwert de Wee vu verschidden Opträg, duerch reegelméisseg Widderhuelungsmomenter, hier Kompetenzen am Beräich vum Verstoe vun Texter weiderentwéckelen

.

Objectifs

Liestechniken a -strategien mobiliséieren:

  • den / d'Schüler/-in liest den Titel, kuckt d'Biller a bilt Hypotheesen zu der Natur vum Text
  • den / d'Schüler/-in kann net verstane Passage klären, andeems en/se op de Kontext zréckgräift; hien/si notéiert Stéchwierder

Fërderung vum verstoende Liesen an Trainéiere vun der Liesflëssegkeet

Étapes

1. Virstellung vum “Lesebund”:

  • Fir d'éischt fënnt eng Reflexioun am Plenum statt: „Wéi gitt dir vir, wann dir een Text fir ze liese kritt?“

       Et ginn ëmmer erëm Tëschefroe gestallt, wéi z.B.:

       „Wat méchs du, wann s du e Wuert net verstees?“

       „Wat ass wichteg beim Liesen?“

  • Dono gëtt de Sënn an Zweck vu Strategien thematiséiert. Esou ginn d'Schüler/innen sech hiere Strategien bewosst an d'Verständnis vum "Lesebund" gëtt Schratt fir Schratt mat hinnen zesummen erschafft.
  • Zum Schluss kréie si den Opbau vum Lesebund erklärt:  Säitenzuel, Andeelung an d'Beräicher "virun, während am nom Liesen".

2. Kenneléiere vum “Lesebund” unhand vun engem kuerzen Text

  • Gemeinsam benotze mir de "Lesebund" fir un d'Verstoen vun engem Text erunzegoen. Esou kënnen d'Schüler/innen um Modell léieren, fir datt si no kuerzer Zäit autonom kënnen am Emgang mat Texter schaffen.
  • “Tandemlesen” gëtt zu dësem Zäitpunkt just kuerz ugeschnidden

3. Anübe vu “Tandemlesen”

4. Den Ëmgang mam Lesebund üben

  • Dëst fënnt mam Text “Welch ein Glück” statt.

5. Reflexioun: Wat ass gutt gelongen? Op wat muss een besonnësch oppassen?

6. Verdéiwend Üben

  • Unhand vun engem zweeten Text gëtt weider geübt.

Déroulement

Wat ass gutt gelongen?

Gutt gelongen ass dat autonoomt Schaffen. D'Schüler/-inne kënne Biller zu Abschnitter molen an Iwwerschrëften zu all Abschnitt schreiwen. D'Tandemliese féiert dozou, datt si ëmmer méi fléissend virliesen.

Wat ass méi schwiereg?

Stéchwierder zu all Abschnitt ze schreiwen, ass eng Aktivitéit, déi nach schwéier ass. Doriwwer eraus an domat zesummenhängend, fält et de Schüler/-inne schwéier fir Léierschrëtt mat hirem Partner ze beschwätzen.

Télécharger
Print
Please login or register to post comments.

logo-ifen-edupratique