X

Catégories

E Plakat zum Lieblingsthema erstellen

Cyclen 2-4: Fach- a cycleiwwergräifende Scienceunterrecht nom Modell vun der "Pédagogie du chef d'oeuvre"

Zilgrupp: Cyclen 2-4

Fokus: Fachiwwergräifende Scienceunterrecht nom Modell vun der "Pédagogie du chef d'oeuvre"

Enseignanten: David Marth / Jacques Kass

Schoul: EF Regionalschoul Uewersauer, Cycle 3 / Cycle 4

Wéinst Probleemer mat demotivéierte Schüler/inne goufe mir zu engem Emdenke beweegt. Formatiounen mat den Häre Guillaume a Manil hunn eis weiderbruecht, wéi et drëm gaang ass, eisen Unterrecht besser un eng sech verännerend Polulatioun unzepassen an méi Differenzéierung an de Schoulalldag afléissen ze loossen.

Contexte

Mir probéieren duerch eng natierlech Differenzéierung unhand vun de Critères de la pédagogie du chef d’oeuvre dem Schüler méi gerecht ze ginn an esou besser op e spéidert Liewe virzebereeden. D’Kompetenze vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung souwéi den Asaz vu moderne Medie sinn dobäi wichteg Pilieren an eisem Unterrecht.

Ganz konkret: No a no erschaffe mir mat de Schüler verschidden Elementer déi et hinnen um Enn vum C3 resp. C4 erlaben eng Virstellung ze verwierklechen an ënnert Forme vun enger “pédagogie active” zum Auteur vum Léierprozess ze ginn, an dat jiddereen op sengem Niveau.

Objectifs

De Fokus fir d'Schüler/innen loung ganz kloer drop fir um Enn vum Schouljoer kënnen hiert Lieblingsthema virzestellen. Dëst sollt am C3 a Form vun engem Plakat an am C4 a Form vun engem Chef d'oeuvre geschéien. 

Déroulement

D’Schüler kënnen d’Thema fräi wielen a si hunn och de Choix bei deene verschiddenen Aufgabestellungen. D'Differenzéirung besteet doran, datt mind.6 vun deenen 12 Aufgaben mussen herno op hierem Plakat drop sinn. Dëst erméiglecht et dem Kand Auteur vu senger Aarbecht ze ginn, bei engem Choix, deen trotzdeem gezilt gewielt ass.

Während dem Prozess ginn et ëmmer erëm Momenter vun natirlëcher Differenzéierung, andeems d’Kanner a Gruppen vu max. 3 Schüler/inne während +- 6 Wochen un hierem Plakat schaffen. An der Pédagogie du chef d'oeuvre gëtt dovun ausgaangen, datt de Projet sech iwwer eng länger Zäit zitt, während däer ëmmer erëm Interaktiounen, esou wéi Phase vun autonomem Schaffen virkommen. Zu gewësse Momenter während der Woch kënnen d'Schüler/innen esou fräi un hierem Plakat schaffen an d’Aufgabestellunge si fächeriwwergräifend bestëmmt.

Zu esou enger perséinlecher Aarbecht gehéiert selbstverständlech eng Recherche dozou. Hei sichen d'Kanner an der Schoul Informatiounen zu hierem Thema. Ganz flott ze gesinn ass awer och, datt d'Motivatioun enorm héich ass an d’Kanner vu sech aus doheem weider no Informatiounen zum Sujet sichen. 

Am Kontext vun hiere Recherchen, gräife si op ënnerschiddlech Medien zréck: si kucke sech Videoen um iPad un, sichen Informatiounen a Bicher aus der Bibliothéik, froen hier Mamm oder hieren Papp, ...

Fir déi verschidden Aufabestellungen kënnen ze bewältegen, ginn am Laaf vum Schouljoër ëmmer erëm ähnlech Aufgaben gemeet oder d’Kanner kréien Modeller (Scaffolding) gewisen. Dodurch ginn eis  Erwardungen un d’Schüler/inne fir si méi transparent. Sou kënnen z.B. Elfchen, Stéckbréiwer, Mindmap'en, asw. Elementer vum spéidere Plakat sinn.

Während verschiddene Projete ginn am Laaf vum Joër och ëmmer erëm änhlech Plakater zesummen erstallt an virgestallt. Sou kënnen d'Kanner duerch reegelméisseg Widderhuelung hier Kompetenzen developpéieren.

Um Enn vun deene 6 Woche gëtt dann all Thema vun all Grupp virgestallt. D’Kanner, déi d’Presentatioun nolauschtere kréien all en Hörauftrag. Uschléissend un d’Presentatioun, gëtt all Thema an enger Mini-Konferenz diskutéiert.

Wat ass gelongen?

Mëttlerweil gesi mir datt vill Schüler/-inne wichteg Kompetenzen developpéieren a verschidden Elementer (wéi z.B. eppes virstellen) fir si zur Routine ginn. Sou kommen deelweis richteg flott Resultater dobäi eraus wat d’Schüler mat Stolz erfëllt an d’Motivatioun fërdert. 

  • Mir stelle fest, datt d’Kanner immens motivéiert sinn, well si e Choix hunn a mat decidéiere kënnen. Si si stolz iwwert hier Plakater a Produktiounen a stellen déi och gäre vir oder publizéieren se um Internetsite vun der Schoul. D’Kanner erstellen esouguer doheem fräiwëlleg Plakater a bréngen déi mat an d’Schoul a stellen se vir.
  • Si ginn „Expert“ zu engem Thema a wëssen iwwert dat Thema oft méi wéi déi Erwuessen, respektiv den Enseignant.
  • Si bereeden Experimenter doheem vir an droen se virun der Klass vir.

Wat ass méi schwiereg?

Schwiereg sinn nach ëmmer verschidde Contrainten am Domaine vun der “Rahmung” – Horaire, Epreuven, Orientatioun, “Programm”, Resultater, Feedback, ...

Télécharger
Articles étroitement liés

Article lié au même sujet ...

Print
Please login or register to post comments.

logo-ifen-edupratique