X

Catégories

De Reenert reest an d'Zukunft

Cyclen 1-4: Erstelle vun engem zweesproochege Billerbuch

De Reenert reest an d'Zukunft
 

Zilgrupp: C1-4

Zilsetzung: Erstelle vun engem zweesproochege Billerbuch

Schoul: *Reenert" - Woolz

An der Schoul "Reenert" gouf fir den Dag vum Buch engt zweesproochegt Buch mat Parallelgeschicht a Collage am Grouss-Format gemaach. Et handelt sech heibäi em e Projet, deen déi ganz Schoul zesummen ugaangen ass. Esou huet all Klass vum Cycle 1 bis zum Cycle 4 hiere Beitrag zum Entstoen vum Buch geleescht.

 

Am Virfeld kruten all Kanner d’Geschicht „De Wollef mécht eng Zäitrees“ als Aféierung erzielt, sou datt all d’Kanner d’Geschicht kannt hunn. Nodeems gekuckt gouf wéi ee Cycle wéi engt Thema behandele géif goung et och schonn un d’Aarbecht. All Kanner vum Précoce bis de Cycle 4 waren doru bedeelegt.

         

 

De Cycle 1 war verantwortlech fir de Cover an d’Inhaltsverzeichnis. Wou déi kleng Butzen aus dem Précoce hir Fiiss nach mat Hëllef vum Overhead gemoolt hunn, hunn se an der Spillschoul ouni Hëllef e Fuuss méi schéi wéi deen anere gemoolt.

 

An de Cyclen 2-4 kruten d’Kanner als éischt mol eng Asiicht an déi verschidden Themen an et gouf e Brainstorming gemaach vun deem wat eise Reenert alles an der Zukunft erlieft, éier sech dunn an d’Aarbecht gestierzt gouf.

 

    

 

 

Ausgehend vum Text aus dem Billerbuch, hunn d'Kanner sech dunn un d'Schreiwe vun enger Parallelgeschicht gemaach...

 

 

Nodeems d'Texter verbessert waren, goufen se uschléissend um Comuter getippt.

Texter goufen dunn nach all vum Cycle 3 a 4 iwwersat, éier et sech dunn un Verschéinerung vum Buch gemaach gouf. Hei konnt ee ganz vill kreativ Käpp gesinn an et ass de Kanner nik schwéier gefall hir flott Texter och nach mat flotte Biller ze hannerleeën.

 

D’ Resultat ass schlussendlech engt flott Buch, wou jidderee vun deenen ronn 280 Kanner an 30 Enseignanten säin Deel dozou bäigedroen hutt.

 

Nodeems d’Buch an all de Klassen de Kanner eemol virgelies ginn ass, kënnt et op eng Platz an der Schoul stoe wou Kanner no Loscht a Laun kënnen dra kucken. Ausserdeem loosse mer lauter Exemplaren dovun drécke fir se uschléissend um Schoulfest ze verkafen. Deen Dag wäert et och an engem Literaturatelier als digitaliséiert Billerbuchkino presentéiert ginn an eng Ecoute vun der Geschicht ass an der Maach.

 

Hei e kléngen Abléck an d’Buch.

 

Print
Please login or register to post comments.

logo-ifen-edupratique