X

ZLS NEWS

„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ um Lampertsbierg

En duebele Programm de 7. Dezember: Expo & Concert

E Samschdeg, de 7. Dezember kënnt Dir eis Wanderausstellung tëschent 11:00 a 14:30 Auer am Lycée Michel Lucius (LML) um Lampertsbierg gesinn.

 

D’Ekipp vum ZLS ass op der Plaz, fir Iech d’Expo ze weisen a Froen ze beäntweren. Fir déi méi jonk Visiteure gëtt et e flotte Rallye, mat deem se d’Ausstellung kënnen entdecken.


Den Entrée ass gratis an et gëtt e Parking niewent dem Lycée. Fir Iessen a Gedrénks ass och gesuergt, kommt also bis laanscht!

 

Fir den Nomëtteg nach wanterlech auskléngen ze loossen, kënnt Dir ëm 15:00 Auer an der Église Saint-Joseph um Lamptersbierg (15 Minutten zu Fouss vum Lycée) de Concert Midwinter Melodies vum Chouer vun der Uni.lu lauschteren. Op dësem méisproochege Concert gi Lidder op 7 Sprooche gesongen. Den Entrée ass gratis, et kann een awer en Don maachen.

Falls Dir de 7. Dezember keng Zäit hutt, fir de Concert lauschteren ze kommen, kënnt Dir en och nach de 5. Dezember um 20:00 Auer an der Protestantescher Kierch an der Stad oder den 8. Dezember um 17:00 Auer an der Église Saints Pierre et Paul zu Bartreng lauschteren.