X

ZLS NEWS

LOD meets Duden: d'Diskussiounsronn am Replay

Am September huet sech d'Duden-Chefredactrice Dr. Kathrin Kunkel-Razum mam LOD-Lexikograf Alexandre Ecker ënnerhalen

Spannend an interessant Theemen ëm d’Sprooch an ëm d’Dictionnairë gëtt et der ëmmer genuch: Wéi funktionéiert eng Dictionnaires-Redaktioun? Wat fir eng Wierder gehéieren an e Referenzdictionnaire? Wéi gëtt de Choix vu Wierder getraff a wéi gëtt hir Schreifweis gekläert? Wat ass mat Neologismen an Anglizismen? Wat huet et mam Genderen op sech? Wat fir en Afloss wäert d’KI op d’Sprooch hunn? Wat fir eng Roll spillen d’Dictionnairen an der haiteger Welt? Wéi wichteg ass eng norméiert Orthografie? ...

 

 

Esou Froe stoungen am Mëttelpunkt, wéi d'Chefredaktrice vum Duden, Dr. Kathrin Kunkel-Razum, an de Lexikograf vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD), Alexandre Ecker, sech den 19. September mateneen ënnerhalen hunn. Moderéiert gouf den Diskussiounsowend vum Christiane Kremer, den Educatiounsminister Claude Meisch huet d'Gäscht begréisst an déi ganz Table ronde suivéiert.

Zum Schluss haten d'Leit d'Geleeënheet, fir Froen ze stellen oder fir bei engem Patt mat de Participanten an d'Gespréich ze kommen.

Iwwer déi zwee Gespréichpartner

Zanter 2016 leet d’Dr. Kathrin Kunkel-Razum déi wuel bekanntsten Dictionnaires-Redaktioun aus dem däitschsproochege Raum. Déi renomméiert an engagéiert Linguistin war am September 2023 op Invitatioun vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zu Lëtzebuerg. Se sot sech beandrockt vun der Méisproochegkeet an dem souveränen Ëmgang domat am Land. Op hirem Programm stoungen ënnert anerem Entrevuë mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Pierre Reding, a mat Vertrieder vun de Luxemburgistik- a Germanistik-Departementer vun der Universitéit Lëtzebuerg.

Den Alexandre Ecker ass diploméierte Lexikograf. Nieft senger haaptberufflecher Aktivitéit beim Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, wou en sech ëm de Lëtzebuerger Online Dictionnaire këmmert, hält en op der Uni Lille Coursen iwwer méisproocheg Lexikografie an d’informatesch Gestioun a Valoriséierung vun (meta-)linguisteschen Daten.

 

VIMEO: Hei den Owend am Replay (eng gutt Stonn).

Video: Media4All / Fotoen: Stéphane Botzem (Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend)