X

ZLS NEWS

Kuff dʼSchmull an dibber nobes!

De Band 5 vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz stellt 177 jéinesch Wierder vir

Bugger, dibberen, Klemmes, Moss, Straubejitzert, zoppen: „Esou munch Wierder aus dem Jéinesche si mat der Zäit an dʼLëtzebuergescht iwwergaang. Vu verschiddene weess een et nach, bei aneren ass ee sech hirer Hierkonft kaum nach bewosst“, schreift den Educatiounsminister Claude Meisch am Virwuert vum am fënnefte Band vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz. Dës Serie bréngt den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch zesumme mam Script eraus. Zwielef Bänn si virgesinn, fënnef goufen der bis elo publizéiert a se sinn no e puer Neioploen och nach ëmmer all ze kréien.

 

 

De Band 1 Aläert, jauwen, Zockerboun huet 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch presentéiert, de Band 2 DʼPan klaken an dʼSchong voller Féiss 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten, de Band 3 mam Titel Vun Dréischel bis Kréischel huet 294 Bezeechnunge fir Uebst- a Geméiszorten, fir Kräider, Gewierzer an Nëss opgelëscht an am véierte Band Zwackert, berdank! stoungen 89 fuusseg Wierder aus dem Reenert am Mëttelpunkt.

Am Band 5 kann een dann elo ausgewielte jéinesch Wierder kenne léieren. A senger Introduktioun geet de Sproochhistoriker aus dem Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch, den Dr. Sam Mersch, op dat an, wat dʼJéinescht esou besonnesch mécht: „Jéinesch ass keng Sprooch wéi déi meescht aner. Zum engen ass se nëmme vun e puer Leit geschwat ginn, virun allem de Lompekréimer oder de Lakerten, zum aneren handelt et sech hei ëm eng Sprooch, déi net ,natierlechʻ gewuess ass. Fréier war dacks vu Geheimsprooch rieds. Och wann dëst Wuert net gutt gemengt war, sou weist et dach op een Aspekt vum Jéineschen hin: Et war eng Sprooch fir eng bestëmmte Grupp vu Leit, déi sozial en anere Stand haten.“

 

 

Am Buch ginn 117 jéinesch Wierder presentéiert, flott illustréiert, kuerz erkläert an op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat. De Minister attestéiert hinnen e besonnesche Flair: „Et sinn dacks ausdrocksstaark Wierder, well dʼJéinescht eng bildhaft Sprooch ass; eng Mondaart mat flotte Metapheren, déi vum Ëmgangssproochleche bis an dʼGrafft, heiansdo an dʼVulgäert geet.“ D’Jéinescht gehéiert sonner Zweiwel zu eisem sproochlechen Ierwen a steet fir eng Subkultur vum Lëtzebuergeschen: „Dofir ass et derwäert, jiddereen un där Facette vun eiser Sprooch deelhuelen ze loossen“, esou de Minister. A wou kéint een dat besser maachen, wéi an der faarweger Buchserie vum Lëtzebuerger Wuertschatz?

 

 

D’Serie Lëtzebuerger Wuertschatz am Iwwerbléck

Band 5
Kuff dʼSchmull an dibber nobes! – 117 quant jéinesch Wierder
© Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2023
Redaktioun: Dr. Sam Mersch
Koordinatioun: Armand Becker
Lektorat: Romain Pansin
Korrektur: Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS)
Editeur: ZLS a SCRIPT
Layout: Laurence Dostert
Dréckerei: Imprimerie EXEPRO, 1. Oplo
ISBN 978-2-9199644-5-1, 96 Säiten, 10 Euro

Band 4
Zwackert, berdank! – 89 fuusseg Wierder aus dem Reenert
ISBN 978-2-9199644-4-4, 96 Säiten, 10 Euro

Band 3
Vun Dréischel bis Kréischel – 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss
ISBN 978-2-9199644-3-7, 96 Säiten, 10 Euro

Band 2
D’Pan klaken an d’Schong voller Féiss – 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten
ISBN 978-2-9199644-2-0, 96 Säiten, 10 Euro

Band 1
Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch
ISBN 978-2-9199644-1-3, 96 Säiten, 10 Euro