X

ZLS NEWS

Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie

Test den Test!

~~~ D'Testphas ass elo eriwwer. Merci fir d'Matmaachen! ~~~

Den Zertifikat ZLO erméiglecht et, seng Kompetenzen an der Orthografie duerch en nationalen Test zertifizéieren ze loossen. Dësen Zertifikat wäert wuel vun Enn 2023 un um INLL (Institut national des langues Luxembourg) kënnen ugebuede ginn.
 


Éier dësen Test um INLL ugebuede gëtt, kënnt Dir den Test selwer probéieren! Wéi schwéier ass den Test a wéi vill Punkte kritt Dir? Dir kënnt Iech hei direkt fir eng Seance aschreiwen: https://doodle.com/meeting/participate/id/bojzOjYa

Duerch Är Participatioun hëlleft Dir, den Test prett ze maachen. Dir kritt e Resultat, awer keen ZLO-Certificat, well mer jo nach an der Testphas vum ZLO sinn. Dir test also hei den Test ënnert reelle Bedingungen, wat fir eis immens wichteg ass. Merci!

Den Übungstest gëtt am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch zu Stroossen gemaach. En ass anonym an Dir kritt d’Resultat op Ärem Ecran ugewisen. Virum Test gëtt als Opwiermung e Lückentextdiktat op Pabeier gemaach. Insgesamt dauert alles an allem maximal 60 Minutten.

Dir hutt nach Froen? Da mellt Iech bei eis! lod@lod.lu, Tel. 247-88600