X

ZLS NEWS

De ganzen Dictionnaire ëmmer derbäi

Den LOD gëtt et elo och offline an zwar als PDF

Pénktlech fir Kleeserchersdag war en do: den LOD als PDF! Vun A bis Zyst fënnt elo jiddereen op 1.685 Säiten de ganzen (textuellen) Inhalt vun all den Artikelen aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire.

D'Ekipp vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) hofft, datt de PDF-Fichier allen LOD-User a -Userinnen vill Freed mécht, a wënscht vill Spaass beim digitalen Duerchbliederen!

Nachschlagen trotz Funkloch: Luxemburgisches Online-Wörterbuch gibt es jetzt auch als kostenloses PDF – esou d'Iwwerschrëft vum Artikel an der Saarbrücker Zeitung iwwer den LOD als PDF.

 

 

Well de Lëtzebuerger Dictionnaire den Ament nach en Test-Produit ass, freeë mir eis natierlech iwwer all Zort vu Feedback: lod@lod.lu. Merci!