X

ZLS NEWS

Wat gëtt dʼWuert vum Joer 2021?

Gesicht gëtt den Nofollger vu Corona. Bis den 13. Dezember kënnt Dir proposéieren … a gewannen!

Dʼlescht Joer war et relativ einfach: DʼCorona-Pandemie hat dʼWelt am Grëff an dat huet sech och bei der Wiel vum Wuert vum Joer 2020 gewisen: Corona ass dat éischt offiziellt Wuert vum Joer ginn – virun #bleiftdoheem, Heibleifskärchen, Lockdown/Confinement a Geste-barrièren.

Och dʼJoer 2021 war an ass nach ëmmer vum Virus gepräägt, vu boosteren iwwer Marche blanche bis Omikron, ma ob dʼResultat awer nach emol esou monothematesch ausfält? Oder hunn dʼFussball-Europameeschterschaft, den neie Stadion, dʼPandora Papers, de Klimasommet COP26, dʼIwwerschwemmungen, de Ressourcë-Manktem, d’Stolpersteng, d’Initiativ Food4Future asw. hir Spueren hannerlooss … an Ärer Erënnerung an och an Ärer Sprooch?

Wéi e Wuert huet 2021 Ärer Meenung no am meeschte markéiert? Sot eis et! Op wuertvumjoer.zls.lu.

Zesumme mat RTL a mam Radio 100,7 sicht den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch dʼWuert vum Joer 2021.

Schéckt eis Är Propos a gewannt mat e bësse Chance 1 vun 3 Bonge fir lëtzebuergesch Produiten am Wäert vun 100 Euro vun „100 % Lëtzebuerg“ vu Gréiwemaacher an déi 3 éischt Bicher aus der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“: „Aläert, jauwen, Zockerboun“, „DʼPan klaken + dʼSchong voller Féiss“ a „Vun Dréischel bis Kréischel“. DʼLous entscheet.

Hei kënnt Dir Är Propos oder Är Proposen areechen, bis de Méindeg, 13. Dezember 12 Auer mëttes: wuertvumjoer.zls.lu.

Aus de Virschléi mécht den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch eng Shortlist vu 15 bis 20 Begrëffer an aus där sicht e Jury dann dʼWuert vum Joer 2021 eraus. Nach virun Enn des Joers gëtt et offiziell matgedeelt.

Am Jury sinn de Commissaire fir dʼLëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy, dʼPresidentin vum Conseil fir dʼLëtzebuerger Sprooch Myriam Welschbillig, e Vertrieder/eng Vertriederin vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch a jeeweils ee Vertrieder/eng Vertriederein vun RTL a vum Radio 100,7.

Merci fir dʼMatmaachen!