X

ZLS NEWS

Den ZLS op de Walfer Bicherdeeg

Op engem gemeinsame Stand mam SCRIPT an der Hal 2

De SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de lʼInnovation pédagogiques et technologiques) an den ZLS (Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch) hunn e gemeinsame Stand an der Hal 2, wou se virun allem op e puer nei Projeten am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch opmierksam maachen.

Do kritt een natierlech sämtlech Publikatioune vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch ze kafen an dʼBichelche mat de Reegele vun der Lëtzebuerger Orthografie gëtt et do gratis, bis de Stock eidel ass. (Eng 5. Oplo ass fir Ufank 2022 virgesinn.) Wie wëllt, ka sech och Postkaarte mat Emojien an engem Sproch op Lëtzebuergesch oder mat de Motiver vun der Wuertschatz-Campagne aus dem Summer mathuelen.

De SCRIPT verdeelt um Stand véier Publikatioune gratis: Lies a fléi (de Katalog vun 2021), Forum papers, Die Erde ist mein Raumschiff a Clean Fuels. Ausserdeem kritt een do dʼLandkaart vu Lëtzebuerg mat den Uertsnimm op Lëtzebuergesch am Format 70 x 100 cm an op guddem Pabeier fir 6 Euro ze kafen.

Nieft der Presenz mat engem Stand ass den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch och frou, bei engem Buchprojet vun der Walfer Schoul (Infoen hei drënner) eng Hand mat ugepaakt ze hunn an déi traditionell Dictée um Sonndegmoien ze verbesseren.

 

 

Zur Erënnerung: DʼWalfer Bicherdeeg sinn e Samschdeg, 20. November vun 9 bis 20 Auer an e Sonndeg, 21. November vun 9 bis 18 Auer zu Walfer an de Sportshalen 1 an 2, am Centre Prince Henri an an der Maison Dufaing (Liesungen). DʼDictée fänkt e Sonndeg de Moien ëm 10 Auer un, dat lëtzebuergescht Diktat kann een och vun doheem aus matschreiwen (Livestream op RTL.lu). Et gëtt e Food Village; den Entrée op dʼBicherdeeg ass gratis a funktionéiert mat CovidCheck.

Hei de Pressedossier mam geneeë Programm als PDF.

 

 

Weider Infoen op www.bicherdeeg.lu